Am Februar 2022 huet de Gemengerot e Projet fir e Generatiounepark mat enger Majoritéit vu 7 Stëmme géint 4 gestëmmt. Dëse Projet gouf mat der Participatioun vun de Bierger ausgeschafft.
Den neien LSAP/DP Schäfferot huet dës Pläng “iwwerschafft” an domat d’Grondkonzept iwwer Bord gehäit. Des néi Pläng goufen den 23. Mee 2024 an der Gemengerotssëtzung virgestallt. E groussen Deel vun de geplangten Elementer wäert net méi am neie, minimalisteschen a konzeptlose Park ze fanne sinn. No de Modifikatioune ginn et:
- keng Spillplaz fir all Kanner
- keng Fitnessgeräter speziell fir Senioren, trotz der Proximitéit vum Park zu de Seniorenappartementer géigeniwwer dem Kulturzentrum
- kee Rullberäich fir déi Kleng, ideal fir hir éischt Erfarungen op der Trottinett oder um Lafrad
- keng Zougangsméiglechkeet fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit aus sou ville Richtunge wéi méiglech
- kee Gaart fir d’Crèche vis-à-vis
- keng Yoga-Plaz
Et sief bemierkt, datt dës Ännerungen ouni Participatioun vun de Bierger gemaach goufen. Dës Modifikatioune goufen net emol duerch eng Majoritéit am Gemengerot gestëmmt.
Ënnerschreift och Dir, léif Lieser, eis Petitioun a fuerdert de Schäfferot op, d’Bierger entscheeden ze loossen, ob d’Konzept vum Generatiounepark oder léiwer de neie, bal eidele Park ouni Konzept soll realiséiert ginn.
Firwat mir Iech déi geännert Pläng hei net kënne weisen?
De Schäfferot huet hier geännert Pläng weder publizéiert, nach hunn si de Gemengeréit se ausgehändegt. Eng entspriechend schrëftlech Ufro ass bis haut onbeäntwert.
Déi Pläng goufe just kuerz an der Gemengerotssëtzung um Bildschierm affichéiert. Onsen Informatiounen no goufen se bis haut och nach kenger consultativer Kommissioun zur Verfügung gestallt fir driwwer ze beroden.
Fir weider Informatiounen iwwer de Konzept vum Generatiounepark, geplangt mat Biergerbedeelegung, budgetiséiert a gestëmmt am Gemengerot, liest w.e.g. weider:
De Generatiounepark – E Paradäis fir all Alter
De Generatiounepark wier eng eenzegaarteg Plaz zu Sandweiler, déi op d’Besoinen an d’Wënsch vun alle Generatiounen ausgeriicht wier. Hei kéinte Familljen, Frënn a Leit vun all Alter zesumme vun der Natur profitéieren an hir Fräizäit an engem Ëmfeld verbréngen, dat d’Gesondheet, d’Freed an d’Entspanung géif fërderen.
De Generatiounepark wier net nëmmen eng Plaz fir flott Momenter ze verbréngen, mee et wier eng Plaz, déi Erwaardunge wat d’Fräizäitméiglechkeeten ugeet, géif erfëllen. Andeems en eng Villfalt vun Aktivitéiten ubitt, géif de Park e generatiounsiwwergräifende Raum schafen, wou all Bierger säi Gléck fënnt. Kanner géifen hir motoresch a sozial Fäegkeeten duerch Spill entwéckelen, wärend d’Jugendlech an Erwuessener vu moderne Fitnessinstallatiounen an engem Beräich fir Entspanung profitéieren. D’Seniore géifen eng wäertvoll Méiglechkeet fannen, fir an engem agréabelen Ëmfeld kierperlech aktiv ze bleiwen.
D’Interaktioun tëscht de Generatioune géif duerch d’Diversitéit vun de proposéierte Beräicher gefërdert ginn. Egal ob dir kommt fir Sport ze maachen, ze spillen, ze entspanen oder einfach nëmmen d’Natur ze genéissen, de Generatiounepark ass esou entworf, datt en Är familiär a frëndschaftlech Bezéiunge géif beräicheren. D’Spillplazen, de sensoresche Gaart, de Crèchegaart an d’Fitnessberäicher géifen natierlech Geleeënheeten zur Begéinung an Austausch tëscht Jonken a manner Jonke schafen, a soumat d’soziaalt Zesummeliewe stäerken.
Zousätzlech géif d’Qualitéit vun den Amenagementer an d’Attraktivitéit vum Park, wéi en 2022 gestëmmt gouf, all Besuch zu enger revitaliséierender Erfarung maachen. De Kontakt mat der Natur, d’Méiglechkeet, verschidden Aktivitéiten ze praktizéieren an d’roueg Ambiance géife bäidroen, de Stress ze reduzéieren an d’allgemeng Wuelbefannen ze verbesseren. Zäit am Generatiounepark ze verbrénge wier eng Wiel fir e méi gesond a méi equilibréiert Liewen, wärend Dir wäertvoll Kontakter mat deene ronderëm Iech knäppe géift.
De Projet géif déi follgend Inselen enthalen:
• Espace Fitness – Är Outdoor-Fitness
E moderne Fitnessberäich géif verschiddenst Geräter ubidden, déi op verschidden Niveaue vun der kierperlecher Fitness ugepasst sinn. D’frësch Loft an dat natierlecht Ëmfeld géifen den Training besonnesch agreabel maachen.
• Waasserspillplaz – Erfrëschung a Spaass fir déi Kleng
D’Waasserspillplaz wier déi ideal Plaz fir Kanner sech z’amuséieren an sech op waarmen Deeg ofzekillen. Dëse Beräich géif Stonne laange Waasserspaass bidden. D’Eltere kéinten sech entspanen, wärend hir Kanner sécher spillen. Kee Besoin wäit ewech ze goen, fir sech z’amuséieren.
• Spillplaz – Abenteuer a Kreativitéit
Eng Spillplaz géif d’Kanner invitéieren, hirer Fantasie fräie Laf ze loossen an op Entdeckung ze goen. Mat verschiddenen Infrastrukturen, géif et fir all Kand eppes ginn. Déi Kleng kéinten nei Frënn fannen a gemeinsam onvergiesslech Aventuren erliewen.
• Fitnessgeräter fir Senioren – Aktiv an a gudder Gesondheet
De Generatiounepark géif Fitnessgeräter ubidden, déi speziell fir Senioren entwéckelt sinn. Dës Equipementer géife Mobilitéit, Kraaft a Gläichgewiicht fërderen, a géifen hëllefen d’Gesondheet ze erhalen an ze verbesseren. Seniore kéinten sech hei an engem frëndlechen Ëmfeld a Form halen an dobäi sozial Kontakter knäppen.
• Rollberäich – Spaass op Rieder
Eise Rollberäich wier déi perfekt Plaz fir déi méi kleng Kanner, fir Trottinett oder Lafrad ze fueren. Eng glat a sécher Uewerfläch géif hinnen erlaben, hir motoresch Fäegkeeten ze verbesseren an u Vertraue gewannen. D’Eltere kéinte roueg nokucken, wärend hir Kanner sech amuséieren an hire Gläichgewiichtssënn trainéieren.
• Sënnesgaart – D’Natur mat alle Sënner erliewen
De Sënnesgaart wier eng Plaz vum Wonner. Verschidde Planzen, Geroch an Texture géife fir d’Entdeckung vun der Natur op eng komplett nei Manéier invitéieren. Dëse klenge Beräich géif e perfekte Kader fir Entspanung bidden.
• Yoga-Deck – Fannt Äre banneschten Equiliber
Eise Yoga-Deck géif dat ideal Ëmfeld fir Är Yoga-Praxis bidden. Mat Bléck op d’Natur, kéint Dir Är Übungen a rouegem Kader maachen an Äre Kierper an Äre Geescht harmoniséieren. Egal ob Dir Ufänger oder erfuerene Yogi sidd, de Yoga-Deck géif Iech invitéieren, Är Praxis ze verdéiwen a banneschte Fridden ze fannen. D’Yoga-Coursen, déi bis 2023 vun der Gemeng ugebuede goufen an e grousse Succès waren, weisen dass dëse Sport eng ganz Rei Bierger zu Sandweiler usprécht.
• Wisen – Entspaant Iech a loosst Iech goen
D’Wise vum Generatiounepark wieren déi perfekt Plaz fir e Picknick, e Buch ze liesen oder einfach an der Sonn ze relaxen. Ëmgi vu Gréngs, kéint Dir den alldeegleche Stress hanner Iech loossen an Är Batterien oplueden.