Skip to content

Gemengewalen 2023

Léif Biergerinnen a Bierger,


Den 11. Juni si Gemengewalen, e wichtegen Termin fir eis all.
Eng éischte Kéier gëtt eis Kandidatelëscht vun enger Duebelspëtzt ugefouert.
Et ass mir eng grouss Freed zesummen mam Jean Lemmer, deen am Zeeche vun der Erneierung vun der CSV-Sektioun méi Verantwortung iwwerhuele well, Iech eis nei Equipe virzestellen.
Eis Equipe setzt sech zesummen aus 11 Leit, 5 Fraen a 6 Männer mat ënnerschiddleche Kompetenzen aus deenen verschiddene Beräicher vun der Gesellschaft. T’Wuel vun eise Matbierger an d’Weiderentwécklung a Moderniséierung vun eiser Gemeng, dofir wëlle mir eis zesummen engagéieren. Mat eisen 4 aktuelle Vertrieder am Gemengerot, dem Romain Dumong, Jean Lemmer, Roger Meysembourg a mir als Buergermeeschtesch kenne mir zesummen op eng laang politesch Erfarung zeréckkucken.
Hand an Hand mat eise neien, dynameschen a kompetente Kandidate, si mir bereet a motivéiert eis erëm den Erausfuerderungen vun der Zukunft ze stellen. Mir alleguer bréngen nei Iddien mat an hunn en oppen Ouer fir eis Matbierger. Zesummen mat Iech alleguer, wëlle mir d’Zukunft vun eiser Gemeng weider gestalten an entwéckelen.
Zenter Joren sëtzt sech d’CSV Sandweiler mat vill Engagement an Erfarung Dag fir Dag fir d’Interesse vu de Bierger an. Vill Projete konnte mir realiséieren an esou huet sech eis Gemeng an deene leschte Joren zu enger attraktiver a moderner Uertschaft entwéckelt. Mir sti fir eng couragéiert, kompetent, realistesch Gemengepolitik an eng nohalteg Klimapolitik, a si bereet an deene nächste Joren weider Verantwortung ze iwwerhuelen.


Simone Massard-Stitz
Buergermeeschtesch

Simone Massard-Stitz

59 Joer, Infirmière diplômée

Version française en bas

Seit nun mehr als 7 Jahren, habe ich die große Ehre, mich mit voller Energie und Tatendrang als Bürgermeisterin der Gemeinde Sandweiler für das Wohl aller Bürger einzusetzen. Des Weiteren bin ich seit mehr als 23 Jahren Mitglied im Sandweiler Gemeinderat. Diese langjährige Erfahrung bewährt sich sehr oft beim Entscheidungen fällen und hilft mir, eine gute vorausschauende Planung für unsere Gemeinde im Blick zu haben. 

Für die Mitbewohner, die mich noch nicht kennen, mein Name ist Simone Massard-Stitz, ich bin 59 Jahre alt, verheiratet und Mutter von 2 erwachsenen Kindern.

Bei meiner täglichen Arbeit als Krankenpflegerin in der Notaufnahme ist es mir wichtig, den Menschen zuzuhören, Entscheidungen zu treffen und Verantwortung zu übernehmen.

Während der letzten 23 Jahren engagierte ich mich für die Interessen und Belange unserer Sandweiler Mitbürgerinnen und Mitbürgern aller Generationen, für ein gutes Zusammenleben und für die Verbesserung der Lebensqualität und gab mir damit die Möglichkeit, unsere Gemeinde mitzugestalten und weiterzubringen.

Zusammen mit allen Kandidatinnen und Kandidaten unserer Liste setze ich mich weiterhin für eine vielfältige, nachhaltige und bürgernahe Politik in unserer Gemeinde ein, damit wir gemeinsam die Herausforderungen der kommenden Jahre meistern können.

Wir sind bereit und motiviert, in den nächsten 6 Jahren die Entwicklung von Sandweiler weiterhin mitzugestalten.


Depuis plus de 7 ans, j’ai le grand plaisir d’occuper le poste de Bourgmestre de Sandweiler, avec beaucoup d’énergie et de motivation. Je suis membre du conseil communal de  Sandweiler depuis 23 ans, cette énorme expérience fait preuve de bonnes décisions prises et m’aide à avoir une bonne vue en ce qui concerne la future planification de notre commune. 

Pour les habitants qui ne me connaissent pas encore je m’appelle Simone Massard-Stitz, j’ai 59 ans, je suis mariée et mère de deux enfants.

Dans mon travail quotidien d’infirmière aux urgences, il est important pour moi d’écouter les gens, de prendre des décisions et d’assumer mes responsabilités.

Au cours des 23 dernières années, je me suis engagée pour les intérêts et les préoccupations de nos concitoyennes et concitoyens de toutes les générations, pour une bonne cohabitation et pour l’amélioration de la qualité de vie, me donnant ainsi la possibilité de participer à la conception de notre commune et de la faire progresser.

Avec tous les candidates et candidats de notre liste, je continue à m’engager pour une politique diversifiée, durable et proche des habitants dans notre commune, afin que nous puissions maîtriser ensemble les défis des temps à venir.

Nous sommes prêts et motivés pour continuer à développer davantage notre commune de Sandweiler au cours des six prochaines années.

Jean Lemmer

44 Joer, IT Netzwierk Ingénieur

Bestuet a Papp vun 3 Kanner, sinn ech berufflech als IT Ingenieur bei der CFL täteg. An der Fräizäit dogéint steet d’Famill an d’Erzéiung vun de Kanner am Vierdergrond.

Zanter Enn 2021 sinn ech Conseiller an der Gemeng Sandweiler souwéi Comitésmember am SIGI (Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique). Eng modern Gemengeverwaltung brauch eng entspriechend Ausstattung. Fir déi vill Erausfuerderunge vun den nächste Joren ze meeschteren, engagéieren ech mech fir d’Moderniséierung vun den technesche Méiglechkeete vun der Verwaltung am Sënn vun de Bierger.

Zesumme mat de Kolleege vun der CSV Sandweiler setzen ech mech awer och fir all aner Themen an, déi d’Gemeng an Zukunft virubrénge sollen.

Romain Dumong

57 Joer, Fonctionnaire communal

Ech sinn den Dumong Romain, 57 Joer, bestuet a Papp vun zwee Kanner. Meng Motivatioun fir mat an d’Walen ze goen ass den Zesummenhalt. Ech sinn e Verräinsmënsch, a genau wéi an all Equipe ass et wichteg Teamgeescht ze hunn a Kompromësser anzegoen, sou wéi dat och wichteg an der Gemengepolitik ass. Als aktive Member vun de Sandweiler Guiden a Scoute läit mir d’Wuel vun de Kanner a Jugendleche besonnesch um Häerz. Dofir sinn ech frou dass ech als deemolegen aktive Schäffe vu Sandweiler u Projeeë wéi d’Fäerdegstellung vun der neier Schoul (d’Haus vun de Kanner), de séchere Schoulwee an un diverse Spillplaze konnt mat plangen. Genausou wichteg ass mir, als President vun der Integratiounskommissioun, en Zesummeliewe mat onser multikultureller Bevëlkerung, wou ons Kommissioun z.b. de Babbelowend an d’Liewe geruff huet. Ech wär frou och weiderhi beim Emsätze vu  wichtegen a flotte Projeeë fir d’Bierger aus der Gemeng Sandweiler matzewierken.

Danielle Fehlen-Dall’Armellina

53 Joer, Fiscaliste / employée privée

Mäin Numm ass Danielle Fehlen-Dall’Armellina, ech sinn 53 Joer al, bestuet an hunn 2 jonk erwuesse Kanner. Ech wunne säit menger Gebuert zu Sandweiler a si frou dass de Marcel an ech och hei eist Haus konnte bauen.

Zum Schluss vu menger Karriär am Steierberäich, war ech “Tax Director” an hunn bei, am ganzen, bei zwou grousse Fiduciairë geschafft. Virun 1 ½ Joer hunn ech dunn decidéiert zeréckzeschrauwen, a schaffe lo hallefdaags a mat vill Freed als “Administrative and Finance Director” bei engem klengen Immobilië Grupp.

Ech wär frou Är Ënnerstëtzung ze hunn a gewielt ze ginn, well ech mech voll a ganz mam CSV Grondsazprogramm “Jidder Eenzelen zielt” identifizéieren! Dee Grondsaz ass mir extrem wichteg an ech probéiere schonns ëmmer net nëmmen dono ze liewen, mee och mengem Ëmfeld dës Astellung virzeliewen.

An eiser Gemeng well ech mech spezifesch asetze fir en bessert Matenee vun allen Generatiounen an Nationalitéiten a fir eng solidaresch Gesellschaft déi zesummenhält.

Ausserdeem muss onbedéngt bezuelbare Wunnraum fir jonk Matbierger aus eiser Gemeng geschafe ginn.

Claudia Gasparro ép. Jorge

42 Joer, Assistante de Direction

Versione italiana qui sotto

Mäi Numm ass Claudia Gasparro-Jorge, ech sinn 42 Joer al, bestuet a Mamm vun engem Meedchen.

Ech wunnen eréischt zënter e puer Méint an der Sandweiler Gemeng, a géif gären all Awunner hëllefen sech besser an eisem Duerf z’integréieren.

No 21 Joer Erfarung am Bausecteur géif ech mech gäre fir d’Ëmsetzung vun all de neie Bauprojeten hei an eiser Gemeng asetzen.

Ech hunn italieenesch Originnen a schwätze weiderhin nach e puer aner Sproochen.


Mi chiamo Claudia Gasparro-Jorge, ho 42 anni, sono sposata e sono mamma di una giovane ragazza.

Vivo da alcuni mesi nel nostro bellissimo comune di Sandweiler. Mi piacerebbe impegnarmi nel comune per aiutare gli abitanti ad integrarsi al suo interno.

Dopo 21 anni di esperienza nel campo delle costruzioni, vorrei anche essere coinvolta in tutti i nuovi progetti nel nostro comune.

Sono di origine italiana e parlo anche il portoghese.

Dan Marx

58 Joer, Contrôleur aérien

english version below

Mein Name ist Dan Marx, ich bin 58 Jahre alt, verheiratet und Vater von 2 jungen erwachsenen Kindern.

Seit 1987 bin ich Fluglotse bei der Administration de la Navigation Aérienne. Dort bin ich zurzeit hauptsächlich als Ausbilder und Prüfer in der Flugsicherung tätig.

Ich lebe seit 1991 in unserer Gemeinde und habe sie seither als fortschrittlich und zukunftsorientiert schätzen gelernt. Als langjähriges Mitglied im Komitee der “Sandweiler Elterevereenegung” war ich an der Ausschaffung des Schulhofes und der Mediathek maßgeblich beteiligt.

Themen, welche mir unter anderem am Herzen liegen, sind die Sicherheit der Kinder im Verkehr, der Wohnraum für unsere jungen Mitbürger und der Flughafen in unserer Nähe.

Unsere Schulwege müssen weiterhin verbessert und sicherer gestaltet werden. Es muss Sorge getragen werden, den jungen Erwachsenen Wohnraum innerhalb der Gemeinde zu erschaffen, um der Abwanderung vorzubeugen. Außerdem muss weiterhin eine zukunftsfähige, für Sandweiler vorteilhafte Koexistenz mit dem Flughafen Findel aufgebaut werden.


My name is Dan Marx, 58 years old, married and father of 2 young adult children. I started my carreer as an Air Traffic Controller at Luxembourg Airport in 1987. My main tasks are currently those of an on-the-job trainer and as training assessor. In 1991, I did move to Sandweiler and ever since I appreciated the progressive and future-oriented spirit here. For many years I was active as a member of comittee at the parent’s organisation „Sandweiler Elterevereenegung“. As such I did emphasize on elaborating plans for the new school yard and the current mediatheque. Main topics which I really care about are children’s safety in traffic and the need for affordable living for our young people and relations with our airport. Children’s walk to school needs to be continously improved and to become safer. It has also to be cared about avoiding young citizen’s need to move away due to high real estate costs. Thus, affordable housing needs to be provided. Needless to say that an advantageous coexistance with the airport needs to be promoted.

Corinne Meysembourg

39 Joer, Enseignante

Mein Name ist Corinne Meysembourg, ich bin 39 Jahre alt, geschieden und Mutter von zwei Töchtern.

Bei meiner Arbeit als Grundschullehrerin liegt es mir am Herzen, immer ein offenes Ohr für die Schüler und ihre Eltern zu haben. Unsere Kinder müssen sich schon in ihren jungen Jahren in einer immer schneller werdenden Welt zurechtfinden und ihren Alltag zwischen Schule, Maison Relais und Hobbies bestmöglich meistern. Ich werde mich dafür einsetzen, die Schulwege und -Infrastrukturen, sowie das Freizeitangebot weiterhin zu verbessern.

Ich wünsche mir regelmäßige Gespräche mit allen Schulkindern und Jugendlichen, damit sie aktiv an der Gestaltung unserer Gemeinde teilhaben können. Des Weiteren sollten ein regelmäßiger Austausch und das Kennenlernen aller Mitbewohnerinnen und Mitbewohner aller Generationen in unserer Gemeinde weiter gefördert werden.

Roger Meysembourg

68 Joer, Retraité

Mäi Numm ass Roger Meysembourg, ech sinn 68 Joer al, Papp vun zwee Meedercher an hu véier Enkelkanner.

Ech sinn zu Sandweiler gebuer an opgewuess an dofir ass et mir besonnesch wichteg, aktiv un der Entwécklung vun eiser Gemeng matzeschaffen. Säit 2011 sinn ech am Gemengerot an och a verschiddene Kommissiounen täteg. Iwwert all déi Joren war et mir wichteg eis Gemeng och no baussen a verschiddene Comitéen a Syndikater ze vertrieden.

Als Pensionnaire ass et mir besonnesch wichteg, mech ëm d’Uleies vun eiser eelerer Generatioun ze këmmeren. Digitaliséierung an den technesche Fortschrëtt entwéckelen sech ëmmer méi séier, a mir mussen drun denken, all eis Matbiergerinnen a Matbierger, ob jonk oder al, doranner ze ënnerstëtzen.

An enger Welt wou d’Leit ëmmer méi iwwert déi sozial Medien mateneen kommunizéieren, ass mir wichteg d’Begéinen an d’Kennerléieren vun alle Generatiounen bei diversen Fester an Aktivitéiten an eiser Gemeng ze ënnerstëtzen.

Maria Morais

51 Joer, Designer

versão em português abaixo

Je m’appelle Maria Morais, j’ai 51 ans, je suis mariée et j’ai 2 enfants.

Je suis d’origine cap-verdienne et j’habite à Sandweiler depuis avril 2013.

Professionnellement, depuis 2017, je travaille comme formatrice dans le domaine de l’informatique et je suis animatrice socioculturelle à l’InternetStuff de la Maison des Associations.

En tant que Designer de Communication / Artiste Peintre, je m’engage au service de la communication, de l’intégration et de la culture, afin de contribuer au développement de notre communauté “personnes âgées, jeunes et enfants” de la commune de Sandweiler et également de promouvoir la diversité culturelle et d’encourager la convivialité entre les habitants.

Je souhaite également créer un programme visant à promouvoir l’éducation artistique dans notre Commune.

«Vous pouvez me faire confiance»


Meu nome é Maria Morais, tenho 51 anos, sou casada e tenho 2 filhos.

Sou de origem Cabo-Verdiana, e moro em Sandweiler desde Abril de 2013.

Profissionalmente, actuo como formadora na área de informática desde 2017 e também sou animadora sociocultural na InternetStuff da Maison des Associations.

Como Designer de Comunicação e Artista plástica, comprometo-me com o serviço de comunicação, integração e cultura a fim de contribuir no desenvolvimento da nossa comunidade, quer seja junto de pessoas idosas, quer seja no acompanhamento de jovens e crianças de  Sandweiler, no sentido de promover a diversidade cultural, assim como, incentivar a convivência  entre os moradores. Além disso, é meu objectivo criar um programa para fomentar a educação artistica na nossa comuna.

«Bsot pode fazeme confiança»

Dirk Müller

46 Joer, Chef de projets informatique

Mein Name ist Dirk Müller und ich bin 46 Jahre alt.

Als gebürtiger Hannoveraner habe ich mich 2009 entschieden, gemeinsam mit meiner Frau in Luxemburg eine neue Heimat zu finden. Unsere zwei Kinder sind 9 und 5 Jahre alt und besuchen die Schule in Sandweiler.

Beruflich bin ich als IT-Berater und Projektleiter in der Versicherungswirtschaft unterwegs und habe viel mit Menschen zu tun, deren Interessen ich verbinden muss.

In meiner Freizeit beschäftige ich mich gerne mit Sport, Smart-Home und Astronomie.

Mein neues Ziel ist es, mich mehr in das Gemeindeleben zu integrieren und die Zukunft Sandweilers mitzugestalten.

Gerry Stammet

61 Joer, Retraité CFL

Mein Name ist Gerry Stammet, ich bin 61 Jahre alt, verheiratet und Vater einer Tochter und eines Sohnes.

Seit 31 Jahren wohne ich in Sandweiler.

Da viele Bauprojekte in unserer Gemeinde in den nächsten Jahren realisiert werden, ist es mir ein Anliegen, genügend Grünflächen und Wälder zu erhalten und neue zu erschaffen, um jedem die Natur als wichtiger Rückzugsort zu ermöglichen.

Unter anderem möchte ich mich einsetzen, die Rundwege in unseren Wäldern zu verschönern (umliegende Bäume auf den Wanderwegen beseitigen und stellenweise schlecht begehbare Wege vom Schlamm befreien (Drainage, Rindenmulch)).

Da unsere Vogelwelt durch die heutigen Bauten immer weniger Nistplätze finden, liegt es mir am Herzen, Nistkästchen in den Wäldern bereitzustellen.


Fannt hei méi Detailer zu onse Kandidaten.