Skip to content

Walprogramm

Sandweiler, eng Gemeng fir ze liewen

Fir d’CSV Sandweiler ass d’Gemengepolitik keng Niewesaach. Mir sinn houfreg op dat wat mir geleescht hunn a mir wëllen an deem Sënn virun schaffe fir d’gesellschaftlech lokaalt Liewen an eiser Gemeng nach weider ze verbesseren an ëmmer um neiste Stand ze sinn.

Mir si voll motivéiert an och couragéiert fir eis Pläng, eis Visiounen an eis erfollegräich Aarbecht an der Zukunft weider ze féieren, am Interessi vun allen Bierger. D’CSV Sandweiler well eng proaktiv a solidaresch Gemengepolitik, no bei de Leit an hire Froen, Uleies a Suergen.

D’CSV Sandweiler ass lo säit iwwer 20 Joer un der Spëtzt vun eiser Gemeng. D’Erfarung vun eise CSV-Mandatsträger(innen) zesumme mat der Diversitéit vun eisen neie Kandidatinnen a Kandidate géif eis et erlaben och déi nächst Joren eng kompetent, nohalteg, effikass a finanziell gesond Gemengepolitik ze maachen.

Mam Motto “Méi no, méi beweegen” geet déi Sandweiler CSV Sektioun mat dem kloren Zil an d’Wale fir e gutt Resultat ze erreechen a weider Verantwortung ze iwwerhuelen.
Schenkt eis Äert Vertrauen a wielt d’CSV fir déi nächst 6 Joer.

Heimat stelle mir Iech eise Programm vir, mam Ziel dëse kënnen an d’Zukunft mat Iech zesummen ëmzesetzen.

SCHOULEN, KANNERBETREIUNG A MAISON RELAIS

Hautdesdaags verbrénge vill Kanner hier Zäit an de Crèchen, Maison Relais an an der Schoul. Zum Wuel vun hinne muss en favorabele Kader bestoen.

  • En Ausbau vun der Crèche “Piwitsch” mat engem zousätzleche Beweegungsraum wäerte mir plangen an realiséieren. Et ass eis wichteg dass eis Uertschaft genuch Crèchëplazen huet fir der zukünfteger Entwécklung vun der Gemeng gerecht ze ginn. Dofir sëtze mir eis fir d’Schafung vun enger zweeter kommunaler Crèche an.
  • Zum lokale Schoulwiese gehéiert eng adaptéiert Infrastruktur. Nëmmen an engem favorabele Kader ka gutt geschafft ginn. De Schoulkomplex “Um Weier”, d’Maison Relais an d’Schoulsportshaal sollen ausgebaut a moderniséiert ginn. Een Masterplang soll dofir ausgeschafft ginn.
Maison Relais “Um Weier”
Creche “Piwitsch”
  • Digitaliséierung an eiser Schoul wëlle mir ënnerstëtzen.
  • En qualitativ héichwäertegen Encadrement mat edukativ wäertvollen Aktivitéiten ausserhalb vun der Schoul wëlle mir fërderen.
  • Mir sëtzen eis an fir eng Schoulschwämm zesumme mat enger Nopeschgemeng ze realiséieren.
  • Vill Kanner iessen an der Maison Relais. Dofir sëtze mir ons an fir méi eng gesond Ernärung mat méiglechst villen lokalen, regionalen a biologesche Produkter.
  • Eis Spillplaze solle permanent ënnerhale ginn. Ausserdeem solle Bänke mat Dëscher dohi kommen an et soll fir méi Schiet gesuergt ginn.

DIGITALISATIOUN, INFORMATIOUNA VERWALTUNG

An der haiteger Gesellschaft wëllen d’Bierger bei wichtegen a grousse Projete gefrot, mat agebonnen a gutt informéiert ginn. Eise Kommunikatiounsservice soll weider optimiséiert ginn.

  • Ausschaffe vun enger Digitaliséierungsstrategie mam Ziel dass de Bierger all Demarchen online maachen an seng divers Consommatioune noverfollege kann. Selbstverständlech soll och de gewinnte perséinleche Service bestoe bléiwen a verbessert ginn.
  • Live-Streaming vun den ëffentleche Gemengerotssëtzunge wäert et engem méi breede Public erméiglechen un onse Gemengerotssëtzungen deel ze huelen.
  • Ëffentlech Versammlungen, Biergerforen organiséieren an d’Notzen vu Soziale Medie fërdere fir eng besser Kommunikatioun mat de Bierger ze garantéieren.
  • Erstellen vun enger Bierger-App wou all wichteg Informatiounen op e Bléck ze fanne sinn.
  • Schafung vun enger digitaler Ulafstell, déi d’Reklamatiounen a Virschléi vun de Bierger ophëlt, analyséiert an direkt un déi kompetent Servicer weidergëtt.
  • Iwwerschaffe vun den Ëffnungszäite vun der Gemeng.
  • Schafen a Iwwerschaffe vun den berodende Kommissiounen.
Guichet, Mairie de Sandweiler

GESELLSCHAFTLECH SOLIDARITÉIT AN INTEGRATIOUN

Mir wëllen en Ëmfeld schafen, an deem all Mënsch sech wuel fillt. D’Gemenge sinn ëmmer méi gefuerdert, wann et ëm bezuelbare Wunnraum geet. Déi ëffentlech Infrastrukture solle ausgebaut ginn, fir dass eis Veräiner weider eng virbildlech Aarbecht kenne maachen.

  • Mir wäerte weider Bauland kafen, fir abordabel Wunnengen als Gemeng oder mat engem ëffentlechen Träger ze bauen. Dës sollen net nëmmen an de Verkaf goen, mee an Zukunft soll verstäerkt an d’Locatioun vu Wunnengen investéiert ginn.
  • D’Hentzenhaus ass vun der aktueller Majoritéit kaaft ginn. Mir wëllen do e Projet vun engem Kulturhaus mat integréierter UGDA Museksschoul realiséieren. Dat klasséiert Haus soll erhale bleiwen an duerch en Ubau vergréissert ginn. Hei kenne Musekscours’en fir ronn 130 Schüler organiséiert ginn. Donieft kenne kulturell Workshops fir all Alter an Ausstellungen an dëse Raimlechkeete stattfannen. Kulturveräiner kenne hei en neit Doheem fannen.
  • Tëscht dem Hentzenhaus an dem Centre Culturel soll en neie Generatiounspark entstoen, eng zentral Platz, wou Jonk an Al sech treffen.
  • Mir setzen eis dofir an, déi traditionell Fester a Gebräicher erhale bléiwen.
  • Mir wäerten e Seniorentreff organiséiere mat reegelméissegem Mëttesdësch a Kaffisstuff.
  • Ausbau vum Scoutschalet.
  • D’Skaterpist gëtt opgewäert, mir wäerten eng “Schiedplatz” an eng ëffentlech Toilette installéieren. Zesumme mam Jugendhaus wäerte mir Graffitiateliere mat professionelle Kënschtler organiséiere fir t’Platz méi cool ze gestalten. 
  • D’Veräiner droen zu engem groussen Deel bei, datt mir eng aktiv Gemeng sinn, dofir wäerte mir déi kommunal Subventiounen erhéijen a virun allem d’Jugendaarbecht fërderen an sou de Benevolat stäerken.
  • Installatiounen vun Elektroborne op Parkplaze fir “Personnes à mobilité reduite”.
  • Villsäitegkeet vun eiser lokaler an attraktiver Gewerbs- a Geschäftswelt erhalen a fërderen.
  • Mir wäerten eis asetzen dass medezinesch Versuergung an eiser Gemeng erhalen a verbessert gëtt.
  • Mir wëllen en Hondstreff amenagéieren, wou een säin Hond ka fréi lafe loossen op enger clôturéierter Gréngfläch.

SPORT A MOBILITÉIT

De Sport bréngt Léit zesummen a fërdert dat soziaalt Liewen an eiser Gemeng. D’Mobilité douce soll um lokale Plang weider ausgebaut a verbessert ginn.

  • Eis Vëlosweeër sollen un national Weeër ugebonne ginn an dem Sécherheetsstandard ugepasst ginn.
  • D’Vëlos- an d’Foussweeër solle bei neie Lotissementer ausgebaut a verbessert ginn.
  • De Fitnessparcours soll erneiert ginn.
  • Eng nei Sportshal fir den Allgemengsport soll gebaut gi fir d‘Sportsclibb ze ënnerstëtzen.
  • Sandweiler soll un de vel’OH!-Reseau ugebonne ginn.
  • D’Buvette an d’Vestiaire vum Fussball solle renovéiert a moderniséiert an de syntheeteschen Terrain erneiert ginn.
Stade “Norbert Hübsch”
EV Charger
  • Mir wëllen op Proximitéitsservicer sëtzen an dofir soll en Ruffbus agefouert ginn deem all Bierger soll zur Verfügung stoen.
  • Subventionéiere vun der Night Rider Kaart fir all Bierger, eng flexibel Alternativ zum Nightlifebus. De Night Rider ass en individuelle Bus ouni feste Fuerplang an Haltestellen, deen nëmme wärend dem Weekend an Owes fiert.
  • De Carsharing weider promouvéieren.
  • Séchere Fousswee bis bei Cargolux Haltestell soll amenagéiert ginn.
  • Am Kader vum neie PAP (Deelbebauungsplang) vum Birelergronn, soll en Busarrêt souwéi en Trottoir an der rue de la Montage amenagéiert gi fir de Birelergronn mam Duerfkär ze verbannen.

SÉCHERHEET

Zu den Aufgabe vun enger Gemeng gehéiert d’ëffentlech Uerdnung, d’Sécherheet an d’Salubritéit. Dësen Aufgabe wëlle mir och weiderhin nokommen.

  • Zesummenaarbecht mat der Police stäerken duerch:
    • Reegelméisseg Vitesskontrollen.
    • Eng aktiv Zesummenaarbecht mat de Nopeschgemengen an der Police an enger regionaler Sécherheetskommissioun.
    • Preventioun ass e wesentleche Facteur vun der ëffentlecher Sécherheet.
  • D’Astellung vun engem Agent Municipal fir eng optimal Zesummenaarbecht mat der Police an en direkte Kontakt mat de Bierger.
  • E flächendeckend Konzept fir de Parking residentiell ausschaffen.
  • Méi Verkéierssécherheet duerch Zone 30 dréit zur Verbesserung vun der Liewensqualitéit bäi.
rue d’Itzig
rue d’Oetrange
  • Amenagement vun enger Zone 30 op engem Deel un der Haaptstrooss.
  • E komplette Mobilitéitsplang mat Verkéierberouegungsmoossnamen an alle Stroossen ausschaffen an esou dem Foussgänger a Vëlosfuerer méi Raum a Sécherheet ginn.
  • Erneiere vu verschiddene Stroossen wéi z.b. der rue d’Oetrange, rue Michel Rodange an der rue de Contern.
  • En Weiderkämpfe fir Entschäerfung op der Kräizung “Scheedhaff”.
  • Den Ausbau vun der Vëlospiste vu Contern op Sandweiler, souwéi der Installatioun vu roude Luuchte beim bestoende Foussgängersträife bei der Zone Industrielle “Rolach” weiderdreiwen.

ËMWELT, NATUR, ENERGIE A KLIMASCHUTZ

Mir fërdere konsequent eis Engagement fir de Klima-, Ëmwelt- an Naturschutz an Zesummenaarbecht mam Bierger an dem Staat. Virrangegt Thema ass fir eis den Ausbau vun erneierbaren Energien souwuel bei Privathaiser wei och bei ëffentleche Gebaier, mam Zil vun der Reduktioun vun den Emissiounen bis am Joer 2030.

  • Mir wëllen ëffentlech Projeten an néi Wunngebidder no héchstem ökologeschem, gesondheetlechen an energeetesche Standard’en plangen a bauen.
  • Biodiversitéit als eist natierlecht Kapital wëlle mir fërderen a schützen. Mir wëlle weider Mesuren huele fir den ëffentleche Raum méi frëndlech an natierlech ze gestalten. 
  • Fir weider op eng klimaneutral Zukunfthinzeschaffen, sëtze mir eis follgend Ziler:
    • Fotovoltaikanlagen op Gemengegebaier a Parkingen installéieren
    • Energeetesch Renovatioun vu Gemengegebaier weiderdreiwen
    • Energiespuermoossname bei den ëffentleche Beliichtungen a Gebaier asetzen
    • Erhéije vun den energeetesche Subside fir all Bierger
    • Ausbau vun Elektrobornen.
    • Upasse vum Bautereglement wat d’Energieeffizienz an de Klimaschutz fërdert
    • Duerchféiere vun den néidege Moossname fir 75% Zertifizéieren am Klimapakt ze erreechen
    • De Gemengefuerpark duerch emissiounsfräi Gefierer erneieren.
    • Sandweiler soll zu enger Fairtrade Gemeng ginn.
    • Ustriewe vum “Green Events” Label bei de lokalen Aktivitéiten
    • Sensibiliséierung vun de Bierger zum Thema Ëmwelt a Klimaschutz
  • An Zesummenaarbecht mat der biologescher Statioun vum Syndicat SIAS wäerte mir den Naturschutz weider ënnerstëtzen a virundreiwen.
  • Fir de Besoine vu muer gerecht ze ginn, brauche mir e moderne Ressourcenzenter mat engem:
    • Second-hand Shop
    • Repair Café fir gebrauchte Géigestänn erëm funktiounsfäeg ze maachen
    • Recyclingzenter
    • Verléine vun handwierklechem Material
  • Den Ausbau vun der Kläranlag zu Iwwersiren ass dringend noutwenneg fir enger wuessender Bevëlkerung kënne Rechnung ze droen.
  • Mir wëllen e Gemeinschaftsgaart uleeën.
  • Eis Bëschweeër solle gutt gefleegt, erhalen a mat méi Sëtzbänken ekipéiert ginn.