Skip to content

Keng Spillplaz am neie Park?

Endlech, no sëllegen Demanden hunn ons Conseiller’en déi nei Pläng fir de Park kritt. Un dëse Pläng, wei se den 23. Mee 2024 am Gemengerot presentéiert goufen, léist sech weisen dass mir bei der Wourecht bliwwe sinn an d‘Bierger betreffend der feelender Spillplaz net falsch informéiert hunn.

Dëst gouf ons allerdéngs am „Sandweiler Aktuell 10-2024“ ënnerstallt.

Zitat: „E falsch informéiert Vollek versteet schlecht, urteelt schlecht an entscheet schlecht“, huet deen deemolege Premier-Minister, Gaston Thorn viru fofzeg Joer gesot. Dat ass och nach haut de Fall, souguer op deem bescheidene kommunalen Niveau. Aktuell huet d’CSV, déi gären Oppositioun mécht fir Oppositioun ze maachen, Flyeren an eng Petitioun organiséiert, déi den Inhalt vun dëser Wäisheet confirméiert. Do kann ee virun allem liesen, dass de Schäfferot decidéiert hätt deen ale Projet ze sabotéiere fir eng Spillplaz an den zoukënftege Park ze maachen.

Iwwerzeegt Iech selwer a versicht op deene Pläng eng Spillplaz ze fannen.

Mir wëlle jidderengem Merci soen deen ons bei onser Petitioun ënnerstëtzt huet. Bis haut huet de Schäfferot leider net ob d’Petitioun reagéiert an d’Bierger an de Gemengerot ginn op e Masterplang vertréischt deen am November soll presentéiert ginn.

Kommen elo erëm nei Pläng oder geet dëse Masterplang méi weit? Gin d’Bierger beim Ausschaffe vum Masterplang abezunn, oder gëtt et just eng Präsentatioun? Gett eng Ëmfro bei de Bierger gemaach?

Mir fuerderen de Schäfferot op Positioun ze bezéien zu onser Petitioun wou ëmmerhin 247 Bierger de Schäfferot opgefuerdert hunn eng Biergerëmfro ze organiséieren.

Fannt hei drënner eng héichopléisend Versioun vum Plang fir Iech d’Sich no der Spillplaz ze vereinfachen.

Projet voté en 2022
Plan modifié présenté en mai 2024

* Nodeems mir de modifizéierte Plang kritt hunn, ass eis opgefall datt d‘Yoga-Plaz net soll fortkommen, sou wéi mir dat op dësem Site geschriwwen haten.

Beitrag deelen