Skip to content

Informatiounsversammlung ofgebrach

Um Donneschden 19. Oktober war am Centre Culturel eng Presentatiounsversammlung betreffend de Modifikatiounen déi de Schäfferot um Projet vum Reamenagement vun der rue d’Itzig well virhuelen.
Wei et an der neier Politik vun dësem Schäfferot mëttlerweil d’Reegel ass, ware méiglechst wéineg Leit, spréch just d’Awunner vun dëser Haaptaxe, invitéiert (kuckt och onsen Artikel vum 17. Oktober).

No der Presentatioun vun hiren Ännerungen, déi ënner dem zuelräiche Publikum scho fir Erstaune gesuergt hunn, huet sech du ganz séier duerch d’Interventioun vun enger ganzer Rëtsch Awunner rausgestallt, dass des Modifikatioune vum initiale Projet ob breet Ofleenung stoussen. En Dar am A vun de Leit, woubäi net eng eenzeg Persoun dat guttgeheescht huet, war de Fakt dass elo an der rue d’Itzig awer op 2 1 Platze solle 50km/h erlaabt gi:

  • tëscht der rue de Contern an der Apdikt (Aktualiséiert 23.10.2023: Mëssverständnes verbessert)
  • tëscht der rue des Romains an der rue de la Gare

Vu divers Accidenter op där Platz, gouf virun allem de leschtgenannten Deel als ee vun de geféierlechsten an der rue d’Itzig bezeechent, sou dass no eestëmmeger Meenung vun den zuelräich intervenéierenden Awunner, et irresponsabel wär do 50km/h weiderhin ze erlaben.

No e puer hëtzegen Diskussioune bei deenen de Schäfferot op d’Fro nom Grond fir des Adaptatioun NET geäntwert huet, gouf d’Versammlung, trotz weidere Froe vun enger Rei Bierger, säitens der Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer ofgebrach. CSV wäert um Ball bleiwen an Iech iwwer d’Entwécklungen an dësem Dossier um Lafenden halen.

Haaptännerungen am Projet par Rapport zum initiale Plang:

  • 50km/h op 2 1 Platzen
  • Verréckele vum Busarrêt beim Café Sandweiler Eck op d’Héicht vum Kierchepad bei den 43, rue d’Itzig
  • Sträiche vun der verkéiersberouegender Unhiewung am Agang bei der rue des Romains.
  • Liicht Erhéijung vun der Unzuel u Parkplazen, virun allem beim Café Sandweiler Eck.

Beitrag deelen