Skip to content

Ännerunge vum geplangte Reamenagement vun der rue d’Itzig

D’Rue d’Itzig zu Sandweiler ass eng vun den 2 Haaptachsen vum Duerf, egal ob als Foussgänger, Vëlosfuerer oder mam Auto, souwuel fir Richtung Fussball/Tennis/Scouten/Squash, wéi fir an d’Schoul, an d’Apdikt oder bei divers Lokaler aus dem HoReCa Beräich. Schonn am Februar 2023 gouf per Flyer an all Bréifkëscht all Sandweiler Bierger zu enger Informatiounsversammlung invitéiert, wou e Reamenagement virgestallt gouf dee virun allem bei den Awunner vun der betraffener Strooss fir vill positiv Echo gesuergt huet.

Den Donneschdeg 19. Oktober 2023 présentéiert den neie Schäfferot verschidden Ännerungen zu den initiale Pläng.
CSV Sandweiler ass enttäuscht dass des Ännerungen, am Géigesaz zum urspréngleche Projet, net alle Bierger ëffentlech presentéiert gi, mee just d’Awunner vun der rue d’Itzig invitéiert sinn.

Beitrag deelen