Skip to content

Generalversammlung CSV Sandweiler den 13. Mäerz 2024

Ons jährlech Generalversammlung huet den 13. Mäerz 2024 zu Sandweiler am Centre Culturel stattfonnt, dest a Präsenz vum President vun der Sektioun Hesper, dem Guy Wester, sou wéi dem Generalsekretär, Deputéierten a Kandidat fir d’Europawalen, Christophe Hansen.

No der Begréissung duerch onse President Jeff Risch goufen déi ordinär Punkten oofgeschafft. Um Enn dovun konnte mir véier nei a motivéiert Member am Comité begréissen:
Claudia Gasparro, Daniel Marx, Corinne Meysembourg an den Dirk Müller.

Weider goung et mam politeschen Deel an de Rieden vun onse Conseiller’e Romain Dumong a Jean Lemmer déi iwwer d’Aarbecht am Gemengerot geschwaat hun.

Zu gudder läscht huet ons de Christophe Hansen dann iwwer de Rôle vu Lëtzebuerg an engem staarken Europa geschwat.

Beitrag deelen