Follgend Informatiounen huet de Buergermeeschter Claude Mousel am Numm vum Schäfferot bei Punkt 1 vun der Dagesuerdnung vum Gemengerot matgedeelt:
1) Nach 4 Gemengerotssitzungen si bis Enn vum Joer 2026 virgesinn, jeeweils um 9h Moies:
- 29. Oktober
- 12. November
- 10. Dezember
- 18. Dezember
2) Um Chantier rue d’Itzig gëtt vill geschafft an d’Aarbechte solle fir Enn dëst Joer fäerdeg sinn, dësen Timing passt awer net zum neie Verkéiersreglement vun der Itziger Strooss.
3) E Chantier un der “Mëttelinsel” an de Strachen ass ofgeschloss. Duerch dës Aarbechte sollen d’Leit besser an hier Garage kommen.
4) De Schäfferot hat en Audit iwwer déi finanziell Situatioun vun der Asbl Piwitsch maache gelooss, wou festgestallt ginn ass dat et keng Onreegelméissegkeete bei hire Compte ginn huet.
5) Am Centre Culturel gouf eng nei Spullmaschinn installéiert.
6) D’Gemeng Sandweiler huet, zesumme mat den Ost-Gemengen, eng Demande gemaach fir den Tram duerch Sandweiler bis op Réimech ze kréien.
7) Bei der Gemeng gouf en digitale Raider installéiert.
Weider Punkten um Ordre du jour waren:
D’Confirmatioun vun de Verkéiersreglementer vum Schäfferot fir verschidde Stroosse
Hei goung et ënner anerem em eng “route barrée” vun engem grousse Stéck vun der rue d’Itzig bis de 26. März 2027 wéinst dem Chantier, en Timing dee fir eis méi realistesch ass, wéi Informatioun vum Buergermeeschter dass Aarbechte bis Een des Joers fäerdeg wären.
“Compte administratif et compte de gestion”
Um Niveau vum “Compte administratif et compte de gestion” war et de Rapport vum Contrôle de la comptabilité, deen ënner Anerem festgestallt huet, dass Gemeng sech net ëmmer un d’Marché publique Gesetz gehalen huet. De Rapport bemierkt och dass de Schäfferot schonn 07.01.2025 bezüglech dem selwechten Dossier informéiert gouf.
Reaktioun vum Schäfferot ob de Rapport war en einfache Saz, dat si an Zukunft géifen oppassen. Mir als CSV sinn dann op de Rapport vum Joer 2025 gespaant, also nodeems de Schäfferot schonn iwwer de Problem vun 2024 informéiert war.