Skip to content

News aus dem Gemengerot vum 25. Juni 2026

An der Sëtzung vum 25. Juni stounge virun allem zwee wichteg Punkten um Ordre du jour:

  • d’Schoulorganisatioun 2026/2027
  • d’Presentatioun vum Projet fir eng nei Maison Relais an de Vott vum Budgetskredit fir dëse Projet.

Schoulorganisatioun 2026/2027

Bei der Schoulorganisatioun goufen ënner anerem d’Posten vum Léierpersonal an de Klassen presentéiert. Dat ass all Joer deen Deel, deen d’Kanner an d’Elteren aus de Cyclen 2 bis 4 am meeschten interesséiert. An der Tëschenzäit sollten och all Kanner a Familljen informéiert gi sinn, mat wéi engen Enseignanten si nächst Joer zesumme schaffen.

Fir d’Eltere gëtt et awer eng méi relevant Ännerung: Ab dem Schouljoer 2026/2027 ginn d’Courszäite fir all Cyclen ugepasst. Dobäi ënnerscheeden sech och d’Mëttespausen am C2-C4 tëscht Méindeg, Mëttwoch a Freideg op där enger an Dënschdeg an Donneschdeg op där anerer Säit.

Des Weidere ginn et am Schoulcomité nach e puer Ännerungen, virop wat d’Presidence vun dësem Comité ugeet. D’Mme Susana Dinis Martins gëtt no ville Joren dëse wichtege Poste weider un den Här Christophe Meerpohl.

D’Schoulorganisatioun gouf eestëmmeg ugeholl.

Nei Maison Relais: Grouss Urgence awer nach vill oppe Froen

Vill Interessi gouf et och fir de Projet vun enger neier Maison Relais um Site “an de Jéchtstécker”. Laut Schäfferot besteet eng akut Noutwennegkeet, fir séier nei Betreiungsplaze fir d’Kanner aus der Primärschoul ze schafen. No hiren Aussoe gëtt schonn zënter ongeféier 18 Méint un dësem Projet geschafft.

D’CSV hat de Manktem u Plaze scho virun de Gemengewalen 2023 erkannt an dëst och an hirem Walprogramm festgehalen. Déi haiteg Majoritéit hat bis haut aner Prioritéiten: e Parkhaus an e Restaurant. Elo, 3 Joer méi spéit, ass aus engem Besoin vun enger Maison Relais eng onbestridden Urgence ginn.

Dës Maison Relais “an de Jéchtstécker” soll fir d’Cyclen 2 bis 4 e Provisorium duerstelle bis en neit Gebai um Site “Um Weier” gebaut gouf. Och d’Crèche soll hei ënnerkomme wärend hiert aktuellt Gebai ëm- an ausgebaut gëtt.

No der Presentatioun bloufen awer vill Froen onbeäntwert. Op de ausgeschaffte Pläng ware weder Schlofberäicher fir d’Crèche nach eng Produktiounskichen virgesinn. Laut dem Schäfferot sollen Schlofberäicher duerch Trennwänn an de Grupperäim entstoe. An der Kiche vum “Haus vun de Kanner” soll gekacht gi fir d’Kanner an all Gebaier op dësem Site (wuel méi wéi 300 Kanner) – ob dës awer déi néideg Kapazitéit huet, konnt net definitiv beäntwert ginn. Mir bezweifelen dat staark! Als Alternativ gouf proposéiert an der aktueller Maison Relais weider ze kachen an dann d’Iessen an d’Jéchtstécker ze liwweren oder op eng extern Catering-Léisungen zeréck ze gräifen.

Och bei der Organisatioun vun den Trajete vun den etwa 180 Kanner tëscht deenen zwee Sitte bloufen nach vill Detailer oppen. Op konkret Froen dozou goufen et keng (net mol hallefweegs) ausgeschaffte Konzepter, mee virun allem den Hiweis op d’Erfarung vum Bedreiwer an d’Vertrauen datt eng Léisung fonnt géif ginn.

De Schäfferot huet erkläert, datt 9 Varianten fir eng nei Maison Relais analyséiert gi wieren an de Site “an de Jéchtstécker” déi eenzeg realistesch Optioun wier. Wéi eng Varianten dat waren a firwat se ausgeschloss goufen, gouf awer net erkläert. Och hei stelle mir erëm déi mëttlerweil üblech Intransparenz fest.

Duerch déi nei Maison Relais fält en Deel vun der flotter Spillplaz hannert dem Haus vun de Kanner ewech – méi Kanner um Site, manner Plaz. Och de Parking gëtt reduzéiert – Méi Personal, méi Autoen, manner Plaz, ass dat gutt geplangt? Et stellt sech d’Fro ob dat net zu Verkéiers- a Parkchaos féiert?
De ganze Projet soll dann um Enn ronn 9,6 Mio € kaschten.

Well bis zum Schluss nach wesentlech Froen net beäntwert ware, gouf d’Stëmmung am Laf vun der Diskussioun ëmmer méi ugespaant. Obwuel mir nach weider Froe wollte stellen, huet de Buergermeeschter einfach d’Diskussioun ënnerbrach an de Budgetskredit vu 500.000€ fir 2026 zum Vott gestallt.

Aus all de genannte Grënn huet CSV de Budgetskredit, trotz aller onbestriddener Urgence, net matgestëmmt an domat dëse konkrete Projet a Fro gestallt.

Resultat vum Vott: 6 Stëmmen dofir (DP/LSAP), 4 dogéint (CSV / déi gréng).

Zum Schluss nach eng kleng Bemierkung: Laut Schäfferot gëtt jo zënter ronn 18 Méint un dësem dréngende Projet geschafft, mee am Budget 2026, deen am Dezember 2025 gestëmmt gouf, waren dofir keng Sue virgesinn. Dat werft zumindest Froen op, wéi wäitsichteg de Schäfferot plangt a wéi eescht en d’Ausschaffe vun engem Budget hellt.

Beitrag teilen