Skip to content

News aus dem Gemengerot vum 5 November 2024

Och am Gemengerot vum 5. November 2024 huet CSV sech nees fir d’Bierger agesat.

Sécherheet um Schoulwee

Virun e puer Wochen huet de Schäfferot de Poteau am Agang vum Wee tëscht dem Gemengenhaus an de Commercen ewech huele gelooss.

Mir stellen ons d’Fro: Firwat?

Mir hunn eis agesat, datt dëse Poteau erëm zréckgesat gëtt fir Sécherheet vun alle Foussgänger, mee ganz besonnesch fir de Kanner weiderhin e séchere Schoulwee ze bidden. Dëse séchere Schoulwee gouf fir d’Rentrée 20/21 zesumme mat der Sandweiler Elterevereenegung an der Schoulkommissioun ausgeschafft.

Majoritéitsparteien LSAP an DP hu bei der Ofstëmmung dergéint gestëmmt de Poteau erëm zréckzesetzen.

Huet Sécherheet vun de Kanner a Foussgänger keng Prioritéit fir des Majoritéit?

————————-

CSV Sandweiler huet sech agesat datt Subside vir all Veräiner gerecht verdeelt ginn.

Mir hunn de Schäfferot op verschidden Ongereimtheeten a senger Propos opmierksam gemaach.

  • Duerch eisen Asaz huet den DT71 Sandweiler an US Sandweiler jeeweils 600€ méi ordinär Subside kritt sou wéi et am Reglement virgesinn ass.
  • Doniewent war den extraordinäre Subsid vum US Sandweiler net richteg ausgerechent.

De Schäfferot hat en extraordinäre Subside vu 6.000€ proposéiert. Laut der Demande vum US Sandweiler an dem Reglement stinn hinne ronn 20.000€ zou.

Eis Propositioun fir dem US Sandweiler dëse Montant laut Reglement zouzedeelen ass op déi nächst Sitzung verluecht ginn. Mir hoffen datt en dann do ka gestemmt ginn.

Mir sëtzen eis fir eis Veräiner an, an dofir ass et eis wichteg datt Subside gerecht a conforme zum bestoende Reglement verdeelt ginn.

D’Oeuvres Paroissiales, eng Associatioun déi sech ganz staark am soziale Beräich asetzt, hat e Subside gefrot well se onschëllegerweis 23800€ Affekotekäschten haten. Laut Reglement si fir net-materiell Käschte keng extraordinär Subside méiglech. Des Argumentatioun vum Schäfferot deele mir.

Trotzdeem hu mir proposéiert dëser Associatioun 6000€ zoukommen ze loossen. Dëst ass den Equivalent zum Maximum laut Subsidereglement fir de Kaf vu „Materiel d’envergure“. Dëst sollt a Form vun engem erhéichten ordinäre Subsid oder a Form vun engem Don passéieren.

Och aner lokal Associatiounen hunn dëst Joer schonn Done fir extraordinär, net-materiell Ausgabe kritt.

Eis Propositioun gouf ob déi nächst Sitzung verluecht a mir hoffen dass sech do eng Majoritéit fënnt fir de Veräin ze ënnerstëtzen.

————————-

247 Ënnerschrëften si fir de Schäfferot “irrelevant”!

Wéi wichteg ass dem Schäfferot Meenung vun de Bierger?

Op Nofro vun der CSV huet de Schäfferot confirméiert dass e keng weider Ëmfro iwwer de Park well realiséieren. Mir bedaueren dat.

Laut Ausso vum DP Schäffen an zukünftege Buergermeeschter Claude Mousel sinn dës Ënnerschrëfte „irrelevant“.

————————-

Gemeng ouni Tubak

Mir hu proposéiert fir sech ze engagéieren eng Gemeng ouni Tubak ze ginn. Des Propose gouf mat de Stemme vun der Majoritéit verworf, trotz de positiven Avis’e vun den, ob Demande vum Schäfferot am Virfeld, gefrote Kommissiounen.

Wéi wichteg ass dëser Majoritéit ons nächst Generatioun? Wéi eescht hellt d’Majoritéit d’Aarbecht vun de Kommissiounen?

De Label “Commune Sans Tabac” wär eng Unerkennung dass d’Gemeng sech engagéiert fir d’Rechter vun de Kanner a Jonke fir an engem Environnement grouss ze gi wou se net dem Tubak a senge Konsequenzen ausgesat sinn.

————————-

Erneierung syntheetesche Fussballterrain

Den aktuelle syntheetesche Fussballterrain huet seng beschten Zäiten hannert sech, an duerfir muss en erneiert ginn. Eestëmmeg ass dëse Projet am Gemengerot gestëmmt ginn. De Käschtepunkt läit bei 997.230,70€ an d’Aarbechte sollen am Juni 2025 ufänken.

CSV bedauert allerdéngs dass de Schäfferot de Gemengerot nees eng Kéier viru bal ofgeschlossen Tatsaache gestallt huet. D’Ausschreiwungsprozedure goufe schonn an d’Wee’er geleet, sou dass Diskussiounen zu eenzelnen Detailer net méi méiglech waren.

————————-

Budgetsmodifikatiounen 2024

CSV huet eng ganz Rëtsch vun Erklärunge gefrot beim Tableau vun de Modifikatioune vum Budget 2024, deen dem Gemengerot präsentéiert gouf. 245.800€ si fir verschidden Ausgaben, souwuel am ordinäre wéi am extra-ordinäre Budget no uewen ugepasst ginn.
CSV huet dergéint gestëmmt. Mir stellen ons d’Fro ob de Budget 2024 um Ufank mat der néideger Wäitsicht erstallt gouf?

561.500€ sinn am Moment manner ausginn an Zuele sinn duerfir ugepasst ginn. 373.699,49€ si méi erakomm, dovunner eleng 250.500€ Zënsen, déi méi héich si, wéi Ufanks vum Joer 2024.
CSV huet des Modifikatioune matgestëmmt.

Beitrag deelen