Skip to content

Mat der Wourecht hellt de Schäfferot et net sou genau.

Wéi glafwierdeg ass e Schäfferot a wichtegen Dossier’en, wann en net mol ob einfach Froe vu Gemengeréit éierlech äntwert?
Dass et em d’Éierlechkeet vum Schäfferot net sou gutt steet, wéist hier Äntwert ob ons Fro aus der Gemengerotssëtzung vum 14. Dezember 2023, ob déi se ganzer 3 Méint méi spéit schrëftlech geäntwert hunn.

Onsen Informatiounen no goufe fir déi Kommissiounssëtzung vum 15. November NET déi neigewielte Member invitéiert, mee déi fréier Member. Och wann sou Feeler kenne passéieren, sou hätt awer spéitstens um Ufank vun der Sëtzung d’Presidentin vun der Kommissioun, d’LSAP Buergermeeschter J. Breuer bei der Kontroll vun de Presencen de Feeler misse bemierken an entspriechend drop reagéieren.

D’Äntwert vum Schäfferot, déi mir schwaarz op wäiss virleien hunn, weist dass dës Majoritéit LSAP / DP et mat der Éierlechkeet net sou genau hellt an dass Sie léiwer Geschichten erzielen a versicht Feeler ze vertuschen, ewéi einfach dozou ze stoen.

D’Invitatioun fir déi Kommissioun gouf NET virum 26. Oktober verschéckt, mee den 30. Oktober um 13:21 Auer. D’Invitatioun mat der Lescht vun den Destinatäre läit ons vir.

Beitrag deelen