Eng schéin Traditioun déi ëmmer gäre gesinn ass.
Ouschteren, dat ass déi Zäit am Joer wou d’Natur sech op d’Fréijoer virbereeden. Och d’Leit freeë se op des Zäit wou d’Deeg erëm méi laang ginn, d’Temperaturen an d’Moral an d’Luucht klammen. Mir freeën eis och dat schéint Fest vun Ouschteren mat all sengen Traditiounen, senge Faarwen, an esou och de faarwegen Ouschtereeër, ze begréissen. Einfach nëmme schéin!
Mat dobäi ass och Är Sandweiler CSV, déi am Duerf ënnerwee ass fir des Freed mat Iech ze deelen! Mir verdeelen Ouschtereeër! Kommt bei eis laanscht Iech äert Ee sichen a verbréngt e puer flott Momenter zesummen mat eiser Equipe. Mir ginn eis Rendez-vous, Samsdeg den 8. Abrëll moies ab 10 Auer bei de Geschäfter “Ënnert dem Bierg” (Supermarché an Zeitungsbuttek) a mëttes ab 14h ronderëm d’Gemeng.
Di ganz Equipe vun der CSV Sandweiler wënscht Iech alleguerten eng schéin Ouschterzäit.