Eisen Informatiounen no plangt de Schäfferot de gréissten Deel vun den Terrain’en an den Zones d’activités / industrielle « Rolach » a « Schaedhaff » ze verkafen, wat bal 18 Hektar ausmécht.
Dës Terrain’e sinn awer kee perséinleche Besëtz mä gehéieren der Gemeng – an domat all Awunner vu Sandweiler.
Firwat ass dat wichteg?
Dës Terrain’e stellen eng strategesch Reserve fir d’Zukunft vu Sandweiler duer. Si haut ze verkafe bedeit, op eng laangfristeg Visioun ze verzichten an d’Kontroll iwwer d’zukünfteg Entwécklung vun dësem Gebidd ze verléieren. Tatsächlech ass et dee gréissten Deel vun all de Grondstécker, déi der Gemeng gehéieren.
“Sandweiler: Fit fir d’Zukunft – Ensemble, construisons l’avenir de notre commune” war de Slogan vum Schäfferot. E puer Méint méi spéit schéngt dee selwechte Schäfferot e groussen Deel vun de Gemengenterrain’e wëllen ze verkafen, ouni d’Awunner z’informéieren, ouni ëffentlech Debatt an ouni Alternative virzestellen.
Eng sou wichteg Entscheedung erfuerdert:
✔ Transparenz
✔ Ëffentlech Debatt
✔ Presentatioun vun Alternativen
✔ Grëndlech Iwwerleeung
Sou eng Entscheedung däerf net vun nëmmen 11 Membere vum Gemengerot getraff ginn, ouni d’Bierger ze konsultéieren.