Eng vun de meescht besichte Spillplaze vun eiser Gemeng soll fir ëmmer der Vergaangenheet ugehéieren.
Firwat?
Firwat well de Schäfferot net méi dat am neie Park Kanner spillen?
Wëll de Schäfferot keen „Kaméidi“ vun de Kanner am Duerfkär vu Sandweiler hunn?
Firwat wëll déi néi Majoritéit net, dat sech do Leit treffe vun alle Generatiounen?
E klenge Réckbléck:
Am Abrëll 2022 huet dee viregte Gemengerot e Projet vun engem Generatiounepark gestëmmt, mat ville Spiller fir eis Kanner.
Eng attraktiv Plaz fir jidderee, fir Grouss a Kléng, Aal a Jonk.
Wou Kanner sech ameséieren an austobe kennen, wou een nei Leit kenne léiert, wou eeler Leit Kontakt fannen an zesummen poteren an e puer flott Stonnen zesumme verbrénge kann.
Dës Pläng sinn an enger Biergerbedeelegung zesumme mat de Sandweiler Awunner réaliséiert gin.
Firwat?
Firwat presentéiert déi nei Majoritéit DP/LSAP zwee Joer méi spéit dem Gemengerot, ënnert dem Virsetz vun der Buergermeeschtesch Madamm Jacqueline Breuer (LSAP) nei Pläng.
Aus dem Generatiounepark fir Kléng a Grouss soll e Park ginn ouni Spill a Spaass fir Kanner. All Spiller fir Kanner si verschwonnen a si just duerch 2 Schachspiller a 2 Dëschtennisdëscher ersat ginn.
Firwat?
Bis haut bléift de Schäfferot eis déi Äntwert schëlleg firwat de Generatiounepark praktesch elo eidel do stoe soll.
Just den Här Claude Mousel (DP) éischte Schäffen an zukünftege Buergermeeschter huet dem Gemengerot des Äntwert ginn:
„Mir wëllen e Park a kee Kreuzfahrtschëff bauen!“
Fir CSV Sandweiler ass eng Spillplaz awer kee Luxus.
Mir hunn de Schäfferot opgefuerdert, Bierger ze froen, wat fir eng Variant d‘Awunner a virun allem eis Kanner wëllen.
E Generatiounepark fir jidderee mee virun allem mat flotte Spiller fir eis Kanner oder e Park am Duerfkär ouni Häerz a Séil.
Eise Punkt ass am Gemengerot mat de Stëmme vun der Majoritéit op onbestëmmten Zäit verschiibt gi, wärenddeem monter weider gebaut gëtt.
Firwat keng Biergeremfro?
Huet de Schäfferot Angscht, dass d‘Bierger fir d‘Erhale vun enger Spillplaz am neie Park sinn?!
Mir wäre frou wann dir Iech an den nächste Wochen zesumme mat eis asëtzt fir dës Spillplaz am Zentrum vu Sandweiler ze erhalen!