Skip to content

Majoritéit hellt Iech e Recht!

Am Gemengerot vum 31. August 2023 huet déi aktuell DP/LSAP Majoritéit, op Propose vum Schäfferot, de Bierger e weidert Recht geholl: D’Recht ëffentlech dem Schäfferot an der Gemengerotssitzung eng Fro ze stellen.
Wann Dir der Meenung sidd dass Är Fro vun ëffentlechem Interessi ass, däerft Dir déi net méi ëffentlech an der Gemengerotssitzung stellen.

Keen vun der Oppositioun huet des Aktioun ënnerstëtzt.

Am Detail geet et em den Abschnitt 7 vum Artikel 5 aus dem Règlement d’ordre intérieur deen, integral suppriméiert gouf.

Hei de Wuertlaut vun dësem Abschnitt wéi e bis zum 31. August 2023 verankert war:

«Un point de l’ordre du jour, à préciser au préalable par le collège échevinal, donne l’occasion au public à poser leurs questions au collège échevinal. Les questions auxquelles le collège des bourgmestre et échevins peut répondre immédiatement, sont vidées en réunion. La réponse à fournir doit également se limiter à l’essentiel. Dans le cas où aucune réponse immédiate ne pourra être fournie, le collège échevinal répond soit par écrit dans le mois, soit oralement lors de la 1re réunion du conseil communal.»

Wat fäert de Schäfferot? Wat huet en ze verstoppen?

Image by Arek Socha from Pixabay

Beitrag deelen