Skip to content

Presentatioun vun onse Kandidaten

Um Dënschdeg, dem 21. Februar huet d’CSV Sektioun Sandweiler hier Kandidatinnen a Kandidate fir d’Gemengewalen 2023 zu Sandweiler am Centre Culturel engem zuelräiche Publikum presentéiert.

Et as eng Premiere fir eis Sektioun, dass mir mat enger Duebelspëtzt untrieden. Ons Lëscht gëtt ugefouert vun der aktueller Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz an dem Conseiller Jean Lemmer. Si ginn ënnerstëtzt vu véier weider Fraen a fënnef Männer aus de verschiddenste Beräicher vun der Gesellschaft a verschiddenstem Alter. Des staark Equipe erwaart sech nach méi gestäerkt wéi virun sechs Joër aus dëse Gemengewale eraus ze kommen, fir sech esou och an Zukunft fir eng positiv Entwécklung vun der Gemeng Sandweiler asetzen ze kennen, ganz am Sënn vun all senge Bierger.

De Kandidat Gerry Stammet huet leider krankheetsbedéngt ob dëser Presentatioun gefehlt.

 v.l.n.r.: Dirk Müller, Danielle Fehlen-Dall’Armellina, Roger Meysembourg, Claudia Gasparro ép. Jorge, Dan Marx, Simone Massard-Stitz, Jean Lemmer, Maria Morais, Corinne Meysembourg, Romain Dumong

Beitrag deelen