Skip to content

Generalversammlung vun der Sektioun Sandweiler

D’ Sektioun Sandweiler huet hier Generalversammlung den 21. Februar 2023 am Foyer vum Centre Culturel ofgehalen.

De President vun der Sektioun, Jeff Risch, ass no senger Begréissung op déi eng oder aner Affären agaangen, déi zu Sandweiler geschitt sinn an hu misse kommentéiert ginn.

Den Aktivitéitsbericht gouf vum Sekretär Romain Dumong virgestallt.

D’ Finanze goufe vum Claude Marx presentéiert, déi guer net esou schlecht ausgefall sinn. De Keeserevisor Pierre Dumont huet dem Keessjee eng gutt Aarbecht confirméiert. Mir hunn och nach en zweete Keeserevisor gesicht. Hei huet sech spontan de Pierre Roller gemellt, deen unanime ugeholl ginn ass.

D’ Politesch Aktivitéiten huet d’ Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz dem Publik, am gutt besichtem Centre Culturel presentéiert. Och ass, wéi an all Generalversammlung üblech, nach no neie Membere gefrot ginn, fir am Comité matzeschaffen. Hei hat sech schonn am Virfeld d’ Danielle Fehlen-Dall’Armellina gemellt. D’ Danielle ass unanime vun de Memberen an de Comité bestätegt ginn.

An du koum de fir d’ Memberen am spannendste Moment: d’Presentatioun vun de Kandidate vir d’ Gemenge Walen.

Hei huet all Kandidat sech selwer, mat engem klenge Saz presentéiert. Dat koum bei de Membere gutt un, sou dass si d’ Lëscht mat onsen neie wéi och den erfuerene Kandidaten, an ons duebel Spëtzt unanime ugeholl hunn. No der fräier Aussprooch goufen ons Kandidaten, an enger zweeter Versammlung der Ëffentlechkeet virgestallt an dono hu mir de flotten Owend bei engem Patt an e puer Schnittercher auslafe gelooss.

Beitrag deelen