Skip to content

Neie Fitness-Parcours

Am “Sandweiler Aktuell 02/2025“, huet d’Gemeng en neie Fitness-Parcours presentéiert. Dës Presentatioun ass virun allem gepräägt duerch Foto’e vum Schäfferot, mee leider feelen all Informatiounen iwwert de ganze Parcours an d’Fitnessgeräter.

Der CSV Sandweiler war et wichteg iech weider Informatiounen ze ginn an dofir hu mir ons dëse Projet méi am Detail ugekuckt. De Fitness-Parcours verleeft duerch de Bësch vu Vir Hërel, wou Bierger sech op 9 Plaze mat 10 Geräter kenne fit halen.

D’Initiativ fir d’Sportangebot ze erweideren, begréisse mir. Nieft de besteeënde Fitnessgeräter hannert dem Jugendhaus an der rue Nicolas Welter an deenen déi an dem neie Park sollen entstoen, bitt dëse Parcours eng weider Méiglechkeet sech a Form ze halen.

Hei d’Kart vum Wee wéi mir e fonnt hunn. Leider ass en net ausgeschëldert. Den Accès zum Site geet zum Beispill iwwer de Wee deen um Eck vun “Vir Hërel” an der rue Duchscher erop geet. No onse Miessungen huet de Wee ronn 2,4km mat engem Héichtenënnerscheed vu ronn 60m.

Biller dovu fannt Dir hei an onser Galerie: 

Beitrag teilen