Skip to content

E klenge Schrëtt fir CSV Sandweiler mee e grousse Schrëtt fir Sandweiler !!

CSV Sandweiler huet haut de Mëtteg d’Lëscht fir d’Gemengewalen op der Gemeng deposéiert. Dëst ass ëmmer e spannende Moment: déi jonk a nei Memberen op der Lëscht wëssen elo dass Sie ganz offiziell mat dobäi sinn, déi schonn Erfueren  wëssen elo genau wat op Sie duer kennt. 

Mir, d’CSV Sandweiler hu fir d’Sandweiler Leit eng gutt Lëscht, mat Jonken an Erfuerenen, Lëtzebuerger an net Lëtzebuerger souwéi Fraen a Männer zesumme gestalt. Et ass eng Motivéiert Equipe déi prett ass fir mat de Sandweiler Bierger zesummen d’Gemengepolitik fir déi nächst sechs Joer ze gestalten.

Beitrag deelen