Skip to content

Gesetzer a Reglementer schéngt de Schäfferot net ze kennen!

Fir nieft dem geplangten Ordre du jour, hunn CSV Vertrieder och fir dëse Gemengerot divers Punkten dobäi setze gelooss.

Centre de collecte: Blamage fir de Schäfferot
Fir ons wéineg iwwerraschend huet t’Mme Breuer am Ufank vun der Sëtzung de Conseil an den Publikum informéiert dass dee grouss annoncéierten “Centre de collecte” net wéi ugekënnegt kéint statt fannen. Aus “just kee Bauschutt an Elektrooffall” gouf elo en “nëmmen nach Bam- an Heckeschnëtt souwéi Grass a Blieder”. Als Erklärung fir dëse massive Réckschrëtt krut de Conseil matgedeelt dass als éischt gesetzlech Prozedure missten duerchlaaft gi, ier ee méi kéint unhuelen.

Mir als CSV Sandweiler sinn erstaunt iwwer d’Aart a Weis wéi de Schäfferot sou Projet’en ugeet, ouni sech virun der Annonce iwwer déi néideg Prozeduren a Gesetzer ze informéieren.

Subsidereglement: Schäfferot huet seng ganz eegen “Interpretatioun” vum Reglement.
Mat verschiddenen Amendementer huet CSV de Schäfferot wärend 45 Minutten drop opmierksam gemaach, dat si d’Gemengereglement vun de Subside fir Veräiner bei der Verdeelung vun de Subsiden 2023 net konform ëmgesat hunn. Keen vun eise Virschléi ass vun der Majoritéit ugeholl ginn, sou datt ganz Oppositioun sech beim Vott enthalen huet. 
De Schäfferot huet dann och matgedeelt fir dat nächste Joer dat aktuellt Subsidereglement wëllen ze änneren.
Mir wëllen op dëser Platz awer och nach mol alle Clibb an Associatioune villmools Merci soe fir déi ganz gutt Aarbecht déi si leeschten, ganz besonnesch am Beräich vun der Jugendaarbecht.

Oppositioun ass sech enger Missioun bewosst.
Et sief nach ugemierkt dass d’Majoritéit no manner wei enger Stonn net méi komplett war nodeems en DP Conseiller, nach wärend den Diskussiounen zu de Subsiden, den Dësch verlooss huet. D’Oppositioun ass sech awer hirer Missioun am Sënn vum Bierger bewosst an huet sou NET, wéi dat an ëmgedréiter Konstellatioun an der Vergaangenheet de Fall war, de Sall verlooss. De Conseil blouf duerch dëst also handlungsfäeg an déi aner Punkte konnten ofgeschaaft gi.
No enger Rutsch weidere, méi klenge Punkten déi souwäit manner Ulass zur Diskussioun waren, koum et dunn zu de Punkten déi CSV op den Ordre du jour setze gelooss huet, dëst zum Deel fir zweete Kéier. Den Detail zu onse Punkten a Froe fannt Dir ënnen an der Galerie.

Koalitiounsofkommes: Schäfferot huet keng konkret Iddien.
CSV huet fir des Gemengerotssëtzung d’Koalitiounsofkommes op den Ordre du jour setze gelooss, dëst fir eng flott a konstruktiv Diskussioun ze lancéieren. Leider war dat mam Schäfferot net méiglech. Keng vun onse Froe gouf beäntwert. Si haten ëmmer just 1 Reaktioun: D’Bierger an de Conseil géifen alles gewuer ginn, wann Zäit komm ass. Mir fannen des Approche traureg. Vun der neier ugekënnegter Transparenz a Matsproocherecht ass déi nei Majoritéit DP/LSAP wéit ewech.
Mir stelle fest: D’Majoritéit huet keng Iddi a wéi eng Richtung se op den eenzele Punkte wëlle schaffen.

Aides humanitaires
Op Propositioun vun der CSV goufen déi gefrot’en Don’en unanime gestemmt.

Publications de postes vacants
D’CSV huet gefrot dass sech d’Gemeng Reegele géif gi wéi an Zukunft Posten ausgeschriwwe gi. Eng gutt funktionéierend Gemeng brauch déi beschtméiglechst Mataarbechter. Fir déi ze fannen, musse potentiell Kandidaten awer och eng wierklech Chance kréien, d’Ausschreiwung vun engem Posten ze gesinn.

Wat war geschitt?
Op Datum vum 14. September 2023, am Nomëtteg, huet d’Gemeng de Poste “Coordinateur administratif et technique” ausgeschriwwen, am Raider an um Internetsite vun der Gemeng. Des Annonce gouf weder op Facebook, nach enger Zeitung oder den übleche Jobbörsen publizéiert. Äntwertdelai: 18. September.
Och wann dëst Virgoen sou legal ass, léist sech duerchaus iwwer Grënn fir des kuerz a restriktiv Publikatioun diskutéieren. Demande vun der CSV fir an Zukunft oppen an transparent no de beschtméigleche Mataarbechter, och iwwer d’Grenze vum Duerf eraus, ze sichen, gouf vehement ofgeleent.

CSV Froen
Ob ons divers Froen huet de Schäfferot reagéiert. CSV huet dann och gefrot, déi Äntwerte kennen zousätzlech a schrëftlecher Form ze kréien, fir Iech, léif Matbierger, déi kennen hei ze publizéieren. Trotz staarker Ofneigung säitens der LSAP Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer, huet den DP Schäffe Claude Mousel ons schrëftlech Äntwerte versprach. Zu dësem Zäitpunkt sinn des awer bei ons nach net ukomm. Soubal de Schäfferot ons des zoukomme léist, wäerte mir déi hei noliwweren.

Aktualiséierung 27.10.2023: D’Äntwerten