De Buergermeeschter huet eis informéiert dass de Chantier rue d’Itzig nach méi laang dauert, well nach Zousazaarbechten un der Gasleitung musse gemaach ginn.
E weidere wichtege Punkt war de Kaf vum fréiere Gebai vum Restaurant „Delicious“ fir 4 Mio Euro, wou de Schäfferot der Oppositioun net wëll soen, wat se do wëlle realiséiere bis Pläng definitiv fäerdeg sinn. Fir eis sti follgend Froen op: Wat geschitt mam Gebai, bléift et stoen oder gëtt et ofgerappt? Wat kennt dohinner? Zu kenge vun eise Froen hu mir eng Äntwert kritt, woufir mir géint de Kaf gestëmmt hunn.
Am Acte steet wuel dran dass et soll ofgerappt ginn. Dest konnt oder wollt de Buergermeeschter awer net bestätegen.
De Kaf vum Gebai niewendrun fir 2,5 Mio Euro, wou de Labo dran ass, huet CSV matgestëmmt. Hei solle Sozialwunnengen dra kommen an de Commerce bestoe bleiwen.
Eng Konventioun mam Bedreiwer vun de Maisons Relais ass unanime ugeholl ginn. Op eis Nofro hin, huet den Träger matgedeelt dat Kannerzuelen am gaang sinn erop ze goen an dat et net ausgeschloss wär, dat et fir d’Rentrée 26/27 zu Waardelëschte ka kommen.
D’Froe vun der Oppositioun hu beim Buergermeeschter fir groussen Onmutt gesuergt. Op verschidde Froen ass de Buergermeeschter guer net agaange respektiv hu mir keng konkret Äntwerte kritt. Eng wichteg Informatioun huet en dann awer bei enger Fro beäntwert: Um Chantier am Gebai vun der Maison Relais gouf KEEN ASBEST fräigesat. Wat do geschafft gëtt, dorop huet en dann awer schonn net mei geäntwert. De Buergermeeschter huet sech virun allem dofir interesséiert ween béiden Oppositiounsparteie verschidden Informatioune gëtt, wéi Froe kloer an transparent ze beäntweren. En huet souguer net zeréck geschréckt fir ëffentlech mat enger Plainte ze droen.
Zum Schluss huet en ugekënnegt an Zukunft eis Froen net mei wëlle schrëftlech ze beäntweren, dat wäert eis awer net ofhale fir iech Äntwerte vun eise Froen ze ginn, sou wéi mir se eventuell mëndlech kréien. Um Enn vun der Gemengerotssitzung huet de Buergermeeschter am Numm vum Schäfferot der CSV virgeheit, dat mir aus enger informeller Aarbechtssitzung Informatiounen un de Bierger weidergeleet hunn an eis matgedeelt, dat an Zukunft d’Oppositioun guer keng Informatioune méi kritt bis e Projet fäerdeg ass fir am Gemengerot gestëmmt ze ginn. Mir bedaueren esou eng Astellung, wëll mir der Meenung sinn, dat de Bierger recht huet informéiert ze ginn. Mat kengem Wuert huet de Schäfferot sech geäussert op se positiv oder negativ zu enger Biergerbedeelegung stinn oder d’Informatioun iwwer de geplangte Verkaf vun de Zones “Rolach” a “Schaedhaff” confirméiert oder dementéiert.