Skip to content

Gemengerot 27.11.2025

Fir d’Sëtzung vum 27. November war den Ordre du Jour mat 14 Punkte gudd gefëllt.

Iwwer déi wuel wichtegst Punkte wëlle mir Iech hei méi am Detail informéieren:

“Parkhaus”

Beschreiwung vum Projet

E vun de wichtegste Punkte war ganz sécher d’Presentatioun vum Projet Extensioun vum Parking fir 3,7 Mio €. D’Majoritéit schwätzt hei eng Kéier vun engem “Parkhaus”, um Ordre du Jour steet et als Extensioun, an eng aner Kéier schwätzt se vun engem Parkdeck.
Iwwer déi bestoend Parkplazen ënne beim Centre Culturel (Accès iwwert rue de Contern) soll e weidere Plateau mat Parkplaze gebaut ginn. Ob de Begrëff Parkhaus zoutreffend ass well et keng Verbindung tëscht den 2 Stäck gëtt, sief dohi gestallt. Fir vun engem Stack op deen anere muss ee weiderhin den Tour iwwert d’Haaptstrooss an duerch d’rue d’Itzig maachen. Eng Verbesserung zur aktueller Situatioun stellt dat also net duer.

Den Zougang zum neie Plateau wäert iwwer d’rue Principale statt fannen, op der Héicht vum aktuelle Busarrêt “Kiirch” (roude Krees). Dëse muss dofir dann och suppriméiert ginn. Ob dëse vill genotzten Arrêt dann op eng aner Platz kennt oder komplett dem “Parkhaus” zum Affer fält ass nach net gekläert.
Net just de Busarrêt muss fort. Och Carsharing Parkplazen si keng méi virgesi, dëst obwuel de Schäfferot nach Ufank 2025 op ons Nofro bestätegt huet dass déi Offer gutt vun de Bierger genotzt gëtt.

Wat bleift dann?

Am Groussen a Ganze geet et drëm ronn 40 Parkplazen ze plënneren : déi Plazen niewent der Kierch, op der enger Säit vum Centre Culturel kéimen dann op déi aner Säit. Dëst wiere Ronn 40 Parkplazen déi vu “lénks no rechts” plënneren, eng Aktioun déi 3,7 Mio € kascht, dat sinn iwwer 90.000€ pro Parkplaz. Dobäi feelen am Devis nach eng Rëtsch Fraise’e:

  • Dat wat am Devis am Klenggedréckte steet (Bild)
  • Réckbau vun de Platzen hannert der Kierch (getrennte Projet)
  • Evenuellen Bau vun engem neie Busarrêt “Kiirch”

Laut Plang dauert de Chantier vun 2026 bis 2028. Dono kennt dann nach de Projet vun der Renaturéierung vun den aktuelle Parkplazen hannert der Kierch.

Mir schwätzen hei also vun engem groussen Invest vun iwwer 90.000 € pro Parkplaz. Den DP Buergermeeschter Claude Mousel gëtt net midd ze erklären, dass dës Demarche am Kader vum Plang “Sandweiler, Fit fir d’Zukunft” ass. Dat ass awer net wouer. Wéi sech noliese léisst, gouf d’Demarche “Sandweiler, Fit fir d’Zukunft” de Bierger den 19.11.2024 virgestallt an eréischt dono goufen entspriechend Workshops organiséiert.
Am Dossier zum Parkhaus-Projet kann een awer noliesen dass dëse schonn am Oktober 2024 gestart gouf (Bild). De Projet “Parkhaus” war also scho laang an der Maach wärend d’Workshops eréischt ugelaf sinn.

Dëst ass e weidert Zeechen dass d’Prioritéite vun dëser Majoritéit bei engem Restaurant a Parkhaus leien. Sécherlech wier et nom Bau vum “Haus vun de Kanner” esou wéi an dem Plange vum Park ënner der Leedung vun der fréierer Majoritéit méi sënnvoll gewiescht eng nei Maison Relais, Primärschoul a Sportinfrastrukture virzegesinn a net einfach verréckele vu Parkplaze fir mindestens 3,7€ Mio.

Positioun CSV

D’CSV huet ënner anerem aus follgende Grënn dëse Prestigeprojet net matgestëmmt:

  • An de Workshoppe fir “Sandweiler, Fit fir d’Zukunft” hu Bierger kee Parkhaus gefrot. Dëse Projet gouf de Bierger op där Plaz imposéiert.
  • Keng Verbesserung vun der Parkingssituatioun: Käschtepunkt vun iwwer 3,7 Mio. € fir Parkplaze vu lenks no riets ze deplacéieren ouni weider Plus-value.
  • Dëse Projet huet et verpasst den Zougang duerch d’Gässel duerch en aneren Zougang ze ersetzen. Duerch den zukünftege Restaurant “Hentzenhaus” wäert entspriechend de Verkéier an der rue d’Itzig a rue de Contern (Gässel) steigen.
  • 5h Stonne parken zitt Laangzäitnotzer u well si profitéiere kenne fir hir Autoe bei schlechtem Wieder dreschen ënner ze stellen an deem iwwerdeckten Deel vum Parking
  • Nom Reamenagement rue d’Itzig wäerten d’Awunner vun dëser Strooss duerch de Restaurant “Hentzenhaus” an de Bau vum Parkhaus nach iwwer Jore mat Knascht a Camionsverkéier geplot ginn.

Verkéiersreglement

Bei dësem Punkt huet de Schäfferot dem Gemengerot en neit Verkéiersreglement virgeluecht. En Avis vun der Amenagementskommissioun war net am Dossier. Am Virfeld zur Sëtzung solle Remarke vun der Kommissioun an d’Dokument mat agefloss sinn. D’Ännerungen zum aktuelle Reglement halen sech an dësem neie Reglement awer a ganzen enke Grenzen. Déi wichtegst Ännerunge wëlle mir Iech hei oplëschten:

  • Parkdauer um Parking “Haus vun de Kanner” ass elo reglementéiert, op 1 Stonn (vir) respektiv 5 Stonnen (hannen)
  • Deelweis Parkverbuet an der rue Jean Schaus (Haus 5 bis 7)
  • Deelweis kann een um Enn vun der rue d’Oetrange um Trottoir parken
  • “Priorité à droite” gëtt deelweis op der Haaptstrooss agefouert

Dëst nei Reglement hädd kennen eng Méigelegkeet sin fir eng Rei verschidde Problemer unzegoen. Nodeems CSV puer konkret Propositioune gemach huet, huet de Buergermeeschter Claude Mousel kloer erkärt keng Ännerung wellen unzehuelen, weder an der Sëtzung nach nodréiglech als Amendement. Mat dësem Blockéier vun all sënnvoller Diskussioun wäre weider Proposen domat rengen Zäitverloscht gewiescht.

Proposéiert haate mir, firun dëser Ausso vum Buergermeeschter z.b.:

  • 1-säiteg Parkverbued Gässel
  • Keen Parken um Trottoire
  • Parkverbued rue Jean Schaus 7 bis rue d’Itzig
  • Parkverbued rue du pain vun rue d’Itzig bis Haus 2a
  • rue Nic. Welter, Hiel, …

Well mat dësem Reglement an der Haltung vum Schäfferot, virop dem Buergermeeschter Claude Mousel, eng grouss Chance verspillt gouf, huet CSV dogéint gestemmt.

Offallgestioun

Am Dossier deen de Schäfferot am Virfeld vun der Sëtzung dem Gemengerot zur Virbereedung virleet, huet sech eng Propose fir en neit Taxereglement betreffend der Offallgestioun fonnt. Dëst Reglement gouf vum SIAS (Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat), an deem och d’Gemeng Sandweiler vertratt ass, ausgeschafft. Laut den Erklärunge vum Buergermeeschter Mousel wären awer Zweifel un de Berechnungen opkomm déi den neien Tariffer zu Gronn léien. Tatsächlech hunn sech am Dossier, deen sou awer vum Schäfferot virbereet gouf,vergläichsweis wéineg Zuele fonnt.

Op Propos vum Schäfferot huet de Gemengerot eestëmmeg de Vott vun dësem onkompletten Dossier wéinst Manktem un néidegen Informatiounen ausgesat.

Beitrag teilen