An der Gemengerotssëtzung vum 25. September 2025 huet CSV eng Réi vu Froe gestallt fir konkret Äntwerte vum Schäfferot ze kréie bei verschidden Dossier’en. Des Weideren hu mir proposéiert e Punkt op den Ordre du jour ze sëtzen, wou mir den Ausbau vun de Opluedstatioune fuerderen, am Aklang mat de Virsätz vun der Gemeng. Op der Dagesuerdnung stoung do derniewent de Projet „Hentzenhaus“: Renovatioun vum Haus mat engem neien Ubau.
Liest hei méi Detailer dozou.
Projet “Hentzenhaus”
An der Gemengerotssitzung vum 25 September ass de neie Projet fir d’Hentzenhaus an der rue d’Itzig virgestallt a gestemmt ginn.
Käschtepunkt vum Projet: 11,4 Milliounen.
Am bestoende Gebai, dat zënter kuerzem national klasséiert ass, entsti Versammlungsraim fir Veräiner a Kommissiounen. Niewent dem Haus gëtt eng Annexe gebaut, wou e Restaurant dra kënnt. Säll um Rez-de-Chaussée vum “Hentzenhaus” kenne souwuel vum Restaurant, wéi och vun de Veräiner benotzt ginn.
Scho virun de leschte Walen hat déi deemoleg CSV / déi gréng Majoritéit Pläng ausschaffe gelooss fir aus dem Hentzenhaus an enger Annexe, e Kulturhaus ze maache wou souwuel ons lokal Veräiner wéi och ons UGDA- Musekschoul en nei Doheem fonnt hätten. An dëser sinn am Moment 170 Schüler an 257 Cours’en ageschriwwen. D’Cours’e verdeelen sech op 8 Säll a 5 verschidde Gebaier verdeelt.
Och e Kiosk war geplangt fir de Bierger am Park kenne Gedrénks a Snacken unzebidden.

Fir déi aktuell Majoritéit läit d’Prioritéit virun allem op der Gastronomie.
Fir CSV passt dëse Projet net zum Motto “Sandweiler fit fir Zukunft” vun der aktueller Majoritéit.
De viregte Projet vum Kulturhaus wär en neien Treffpunkt fir Veräiner ginn, an et hätten och flott kulturell Evenementer fir grouss a kleng stattfanne kennen. Déi gesamt Museksschoul wär op engem Site ënnerbruecht ginn, wat eiser Meenung wichteg gewiescht wär fir Zesummeliewe vun alle Musiksschüler.
An der Gemengerotssëtzung huet CSV aus 3 Grënn géint dëse Projet gestemmt:
- E Projet ouni kloer Konzept
- Prioritéit op der Gastronomie
- Feelen vun enger dringend néideger Léisung fir d’Musekschoul a kulturell Evenementer.
Um Enn gouf den neie Plang mat der Prioritéit op Gastronomie mat just 6 “Jo” Stemmen a 5 “Nee” Stemmen ugeholl.
————————-
Ausbau Infrastruktur un EV Opluedstatiounen
No Analyse vum der bestoender Infrastruktur, der Lag, der Auslaaschtung op Basis vun den ëffentlech verfügbaren Daten, souwéi der Dicht u Residencen an de verschiddenen Deeler vu Sandweiler, koum CSV zum Schluss dass eng weider Borne am Quartier “an der Steekaulen” géing Sënn erginn.
An der Gemengerotssitzung vum 10. September 2025 huet d’Gemeng sech unanime e “Leitfaden” gi betreffend dem Klimaschutz, dat baséierend op dem Pacte Klima 2.0. Do dran ass och den Ausbau vun der Ladeinfrastruktur virgesinn.
De Vott vun dësem Punkt de virun allem de ville Bierger an de Residencen am Ëmkrees vun 200m zu gutt komm wär, mee och d’Gemeng e Stéck méi no un déi eegen Zieler bruecht hätt, gouf leider op Demande vum Schäfferot mat de Stemme vun DP, LSAP awer och déi gréng op onbestëmmten Zäit ausgesat.
————————-
Froen un de Schäfferot
Mat diverse Froen hu mir versicht Liicht an d’Donkel em verschiddenen Dossier’en ze bréngen. Transparenz ass leider e Wuert wat dësem Schäfferot net sou geleefeg ass. Ons eenzel Froen am Detail fannt Dir an onsem Archiv. Déi schrëftlech Äntwerten do drop wäert Dir och nees kennen do noliese soubal se ons virleien.
An de mëndlechen Äntwerten hu virun allem déi auswäichend Äntwerten ob d’Fro no der Zensur vun de Facebook Kommentarer an den d’Renovatioun vum Scoutschalet fir Erstaune gesuergt. Mir sinn ob déi schrëftlech Äntwerte gespaant.
Déi schrëftlech Äntwerten ob ons Froe vun der Sëtzung vum 10. September hu mir de 25. September an der Sëtzung kritt. Och déi kennt Dir am Archiv noliesen. Hei sief ervirzehiewen dass de Schäfferot am Dossier “Neien Tower fir de Findel” entgéint der Äntwert vun der Ministesch Yuriko Backes op parlamentaresch Froen, keng offiziell Fuerderunge gestallt hätt an et keng offiziell Demande fir sou e Bau gouf, mat Ausnam vun enger informeller Reunioun tëscht LuxAirport an der Gemeng. Wéi dëst dann zur Ausso vun der Ministesch passt entzitt sech onser Kenntnis. Mir sinn awer frou dass sech an der Zwëschenzäit, wann een diverse Presseartikel ka gleewen, eng aner Léisung fir d’Zukunft vum Tower vun onsem nationale Flughafe fonnt huet.