No der Motioun déi vun der grénger Partei, zum Thema “Stationnement illicite et sécurité dans l’espace public” gestallt gouf, sinn am Gemengerot vum 23 Mee 2025 d’Diskussiounen ugaang.
D’Oppositiounsparteie vun der CSV an déi Gréng waren der Meenung dass den Trottoir wéi och de Vëloswee zum sécherem Zesummeliewen an onser Gemeng géif bäidroen. Stroossen fir den Auto an Trottoire fir de Foussgänger, sou misst et eigentlech sinn. Mee dat gellt net fir Sandweiler.
D’Majoritéit (LSAP an DP) huet decidéiert fir wäiss Strécher op de Vëloswee ze mole fir dass d’Autoen do mat zwee Rieder drop parke kënnen. Wéi dunn déi zwou Oppositiounsparteien op de Sécherheetsaspekt higewisen hunn, den domadder weder fir de Vëlosfuerer nach fir de Foussgänger méi ginn ass, huet d’Majoritéit gemengt “Wa jiddereen e bësselchen oppasst wäert hei scho kéngem eppes geschéien.” An et wär fir den Autosfuerer méi sécher aus dem Auto ze klamme well d’Autosdier net sou wäit an d’ Strooss géif goen.
D’Oppositiounsparteie waren entsat iwwer sou Aussoen, mee kruten no weiderem Nofroen de Mond verbueden mat de Wieder “Et ass alles gesot a Mir hunn dat esou decidéiert.”
Am ganze Land, a wäit iwwert d’Grenzen eraus,sinn d’Gemengeverantwortlech amgaangen d’Sécherheet fir hier Bierger ze verbesseren an dem se den Tempo op der Strooss, sief dat duerch kléng Inselen, Beem, Kéieren oder anere Mëttele reduzéieren.
Mee net hei zu Sandweiler. Hei, zu Sandweiler setze mir d’Autoen op den Trottoir a maachen domadder d’Strooss méi breet fir dass den Autofuerer deen et net sou genau mat der Vitess hellt, méi schnell doduerch fuere kann. Loosse mer hoffen dass de Kanner um Schoulwee, de Foussgänger wéi och de Vëlo an d’Trottinettefuerer déi hei ënnerwee sinn net ze vill geschitt.
Ass de Gedanke vum Sandweiler Schäfferot deen, dass och Si da méi séier op der Gemeng si fir nei Iddien auszeschaffen, oder ass et éischter de Gedanke vir méi schnell dovunner ewech ze kommen??
Mir wëssen et net…
