D’Sëtzung vum 30 Januar 2025 war fir CSV eng Geleeënheet fir sech weiderhi fir d’Wuel an d’Sécherheet vun de Bierger anzesetzen.
Liest hei méi Detailer dozou.
Informations du collège des bourgmestres et échevins
D’Buergermeeschtesch huet de Gemengerot informéiert dass de Budget 2025 vum Inneministère approuvéiert ginn ass.
————————-
Demande de subvention extraordinaire d’une association locale
Den extraordinäre Subside fir d’Oeuvres paroissiales ass op Propositioun vum Schäfferot eng weider Kéier op eng vun den nächste Sëtzung vertagt ginn. Doduerch dat de Schäffe Claude Mousel den Dësch verlooss huet, well laut sengen Aussoen, schon an enger fréierer Sëtzung, säin Numm ze oft am Dossier opdaucht koum et beim Vote zu kenger Majoritéit.
Affaire à suivre also.
————————-
Contrat de bail avec l’association Tennis Club Sandweiler Asbl
Ob d’Fro vun der CSV Conseillère Simone Massard-Stitz, wat genau am neie Kontrakt geännert huet, konnt de Schäfferot keng Äntwert ginn. D’Buergermeeschtesch huet proposéiert dem Gemengerot den ale Kontrakt zoukommen ze loossen… Nom Vote. Dat mëscht kee Sënn!
Firwat kann de Schäfferot dem Gemengerot net déi néideg Informatioune ginn?
CSV huet deen neie Kontrakt matgedroen, dëst trotz dem Mangel un Informatioune säitens dem Schäfferot.
————————-
Prix d’entrée “David Goldrake – 25 Years of Magic”
Proposéiert vum Schäfferot war e Preis vun 30€/Persoun, resp 20€ fir Kanner/Jugendlecher a Senioren.
CSV huet sech fir d’Sandweiler Bierger agesat. Onse Conseiller Romain Dumong huet drop opmierksam gemaach, dass d’Gemeng schonn zanter ville Joren un d’Organisateur’e vum Bealtaine Festival a rezent och un d’Organisateure vum “Festival International de la BD” zu Contern substanziell Don’e mëscht fir et de Sandweiler Bierger ze erlabe bei de genannte Festivalle fräi’en Entrée ze hunn. Aus deem Grond wär et onser Meenung no logesch gewiescht och bei dëser “Gebuertsdagsshow” et de Sandweiler Bierger ze erlabe gratis mam David Goldrake ze “feieren”.
D’Majoritéit huet ons Propositioun net zeréckgehalen, sou dass och Sandweiler Bierger den normalen Tarif musse bezuelen.
————————-
Prise de position du collège échevinal par rapport aus divulgations de la FGFC
D’Oppositiounskolleege vun “déi gréng” haten dëse Punkt op den Ordre du jour setze gelooss, dëst wuel an der Hoffnung dass de Schäfferot zu deenen ongehéierleche Virwërf géing Stellung huelen.
Ob Demande vum Schäfferot huet d’Majoritéit, géint d’Stemme vun “déi gréng” an der CSV dëse Punkt ajournéiert.
No engem ganz kuerze Wuertgefecht huet der Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer (LSAP) hier Verständnis vun Demokratie fir allgemengt Laachen am Sall gesuergt. (Audio beim 100komma7)
————————-
Subside extraordinaire 2023 FC US Sandweiler
Op Ufro vun der CSV stoung dëse Punkt um Ordre du jour. Mir hunn ons eng weider Kéier dofir staark gemaach dass den FC US Sandweiler de Subside fir d’Jugenduniformen kritt deen him laut Reglement zousteet. De Schäfferot huet erkläert, dass se nach net dozou koumen dëse 5-stellege Montant ze berechnen, mam Argument dat d’Subsidereglement schlecht an net kloer ass. Zanter Joren awer gouf et op Basis vun deem Reglement keng wesentlech Diskussioun em d’Subsiden.
Ons Conseillère Simone Massard-Stitz huet dem Schäfferot eng weider Kéier, wéi och schonn an der Sëtzung de 5. November 2024, am Detail virgerechent wéi vill Subsid dem Club genau zousteet. Och huet si drop opmierksam gemaach dass de Schäfferot säit dem Areeche vun den Dokumenter fir dëse Subsid 2023 mëttlerweil 7 Méint Zäit hat fir dëst ze berechnen.
Trotz Allem huet d’Majoritéit, op Demande vum Schäfferot dëse Punkt ajournéiert.
Mir bléiwen um Ball.
————————-
Sécurisation du trottoir près du nouveau Parking rue d’Itzig
Um neie Parking an der rue d’Itzig ass den Trottoir do reegelméisseg, all Dag vu parkenden Autoe blockéiert, engersäits well se sech um Trottoir nieft der lénkser Parkplaz stationéieren an anerersäits well se mat hirem Gefier sou wäit no vir fueren dass den Trottoir hannendrun zougesat ass.
Dëst eng grouss Gefor fir all Foussgänger!
Fir d’Sécherheet vun de Foussgänger, mee och de Kanner um Schoulwee oder bei d’Sportinfrastrukturen um Trottoir ze garantéieren huet CSV proposéiert op de Parkplaze Radstopper ze installéieren a lénks duerch e Poteau ze verhënneren dass sech en Auto kann do parken.
De Schäfferot zitt et laut Ausso vun der Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer (LSAP) vir, den Automobilisten déi do Dag fir Dag den Trottoir blockéieren, e Protokoll ze schreiwen. Dass dat awer net d’Sécherheet fir d’Foussgänger erhéicht gouf ignoréiert.
D’Majoritéit huet géint des einfach a gënschteg Mesure gestemmt fir d’Sécherheet ze erhéijen. Leiwer geet de Schäfferot also repressiv géint Automobiliste vir, ouni dobäi mat “effet immediat” d’Sécherheet ze héijen.
Et sief nach mol drop higewisen dass d’Aart wéi dee Parking gebaut ass eng vun den Ännerungen um Projet Reamenagement rue d’Itzig ass, déi ënner dem LSAP/DP Schäfferot geholl goufen.
————————-
Froe vun de Conseiller’en
CSV hat dem Schäfferot am Virfeld Froen zu 4 Themen agereecht.
Wärenddeems mir eis Froe gestallt hunn, huet de Schäffen Claude Mousel (DP) versicht d’Aarbecht vun der Press ze sabotéieren duerch fächere mat Blieder virun hire Mikroen. Wärend de Publikum sech deelweis driwwer schockéiert gewisen huet, huet et bei der Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer (LSAP) an der Schäffin Corine Courtois (DP) fir Amusement gesuergt.
- Den éischten Deel vun de Froen huet d’Uschëllegunge vun der FGFC géing de Schäfferot betraff.
Onse Conseiller Jean Lemmer huet fir unzefänken de Schäfferot op Falschinformatioun vun der Buergermeeschtesch opmierksam gemaacht, déi si am Kader vun dem Biergerworkshop den 28.1.2025 gemaacht huet . Buergermeeschtesch behaapt datt Oppositiounsparteien an d’FGFC an de leschte Woche Virwërf géint de Schäfferot erhuewen hätten. Dogéint wiert sech CSV konsequent.
CSV Oppositioun hat bis zum deem Zäitpunkt dem Schäfferot keng Virwërf gemaach, mee huet de Communiqué vun der FGFC opgegraff fir Liicht an d’Donkel em den Expert ze bréngen. Vun der Buergermeeschtesch gouf des Richtegstellung just mat engem Laachen opgeholl.
Dono koumen déi eenzel einfach a konkret Froen un d’Rei. Et gouf dorop vun der Buergermeeschtesch wuel eng Reaktioun, eng konkret Äntwert op déi eenzel Froe gouf et net (RTL, 100komma7). CSV huet sech agesat fir am Sënn vun de Bierger an dem Personal Kloerheet zu deene Virwërf ze kréien. De Schäfferot huet et virgezu guer net op Froen ze äntweren an eis op e Communiqué vertréischt deen an noer Zukunft soll publizéiert ginn. - Betreffend onser Fro zum Stand vum Dossier neie PAG war d’Ausso dass d’Gemeng nach just géing op d’Ënnerschrëft vum Minister waarden.
- Op d’Fro em d’Ersetze vun den ale Waassercompteure gouf et d’Ausso dass et nach puer Joer géing dauere bis déi all ersat sinn an et eréischt da géing Sënn maachen iwwer zousätzlech Servicer fir d’Bierger op där Basis ze schwätzen.
- Bei der Fro em d’Notzung vum Carsharing Auto, dee schonn ënner dem CSV/déi gréng Schäfferot agefouert gouf, war d’Informatioun dass am Joer 2024 ganzer 42 verschidde Client’en deen 203x genotzt hunn. Konkret Demarchë fir den Auto duerch en Elektroauto ze ersetze gouf et nach keng, Dat soll, eventuell zu engem spéideren Zäitpunkt gemaach ginn.