“Als allererstes kümmern wir uns um die Neugestaltung der Rue d’Itzig. Hier wurden sämtliche Parkplätze zugunsten einer Tempo-30-Zone abgeschafft.”
Dëst huet ons Buergermeeschtesch laut engem Artikel am Wort (Printausgab vum 29. Juli 2023 oder hei online) sou en Donnerschdeg 27. Juli 2023 nom Gemengerot am Interview gesot.
CSV Sandweiler réit der neier Gemengemamm an hire Kolleege am Schäfferot dréngendst e Bléck op déi Projet’en ze werfen déi se nees wellen ëmänneren.
An der Presentatioun vum 20. Februar 2023, gesäit een dass op der ganzer Längt eng ganz Réi Parkstreife virgesi sinn. Wouhier se déi Falschinformatioun huet dass all Parkplaze géifen ofgeschaaft ginn, ass ons onverständlech. Beim bekannten “Débit de boissons” um ënneschten Eck mat der rue du pain verschwannen och keng Parkplazen. Am Géigendeel, et kommen der op der anerer Säit vun der Strooss méi bäi wéi déi Säit vum Café dem Busarrêt musse wäichen (Slide 14 vun der Presentatioun). En Deel vum Trottoire ass schonn elo mat engem Parkverbuet beluecht, dee leider reegelméisseg mëssuecht gëtt an domat bewierkt dass d’rout Luuchte vum Busarrêt net richteg funktionéieren.
Weiderhi beklot d’Buergermeeschtesch sech dass angeblech vill Dossiere leie bliwwe wäre bei der aler Majoritéit, schéngt des awer net kennen oder wëllen ze benennen:
“Es gibt unheimlich viel zu tun, denn unter der Vorgängermehrheit sind viele Dossiers liegen geblieben.”
Offensichtlech sinn déi net genannten Dossiere jo awer och net hier Prioritéit, wéi soss erkläert sech dass se sech als éischt em eng nei Neigestaltung vun der rue d’Itzig këmmere well, e Projet dee jo awer u sech schonn an der Ëmsetzung ass?
Iwwerzeegt Iech hei selwer dass t’Buergermeeschtesch Falschinformatioune via Presseinterview verbreet:
https://www.sandweiler.lu/download/8834/20230220-reamenagement-rue-d-itzig-presentation.pdf
Wort Artikel:
https://www.wort.lu/luxemburg/gemeinderat-verharrt-in-eingefahrenem-verhalten/2274939.html