Fir aller éischt soe mir der Finanzkommissioun e grousse Merci, fir hiren detailléiert Rapport an d‘Analys déi si gemaacht hunn, déi mir op ganz ville Punkte kennen deelen.
Den 11. Dezember 2025 war d‘Presentatioun vum Budget 2026 duerch de Buergermeeschter. Dës Presentatioun huet ausschliisslech aus enger kuerzer Opzielung bestan vun den eenzelnen Projeten, déi bis elo realiséiert goufen, déi am gaang si realiséiert ze ginn an déi villäicht nächst Joer respektiv déi nächst Joren op eis zoukommen. Kee Wuert iwwert hir Haaptprioritéiten, kee Wuert iwwert eng nei Maison relais, nei Sportsinfrastrukturen oder Ausbau oder Renovatioun vun der Schoul um Weier, zu sozialem Wunnengsbau, mee Masterplang op Masterplang, Frais d’études op Frais d’études fir bal 2 Milliounen.
Wärend 2 Stonnen hunn déi 2 Oppositiounsparteie probéiert duerch gezielte Froen zu den eenzelnen Budgetsposten, Explikatiounen ze kréien. Leider sinn déi meeschte Froe vum Buergermeeschter ignoréiert ginn a mir hu wéineg bis guer keng Äntwerte kritt. Transparenz par Rapport zur Oppositioun an do mat och zu de Bierger existéiert praktesch guer net an ass och eiser Meenung no net erwënscht.
An eisen Aen wär virun allem eng nei Maison relais vill méi dringend gewiescht, wéi e Restaurant an e Parkhaus. Wa mat der konkreter Planung vu moderne Betreiungsstrukturen net direkt ugaange gëtt , wäert et weit iwwer 2029 eraus goen, bis de Bau fäerdeg ass. Der Projektioun fir d’Bevëlkerungsentwécklung no, am Kader vum „Sandweiler Fit fir Zukunft“ virgestallt, si Waardelëschten domat wuel schonn haut virprogramméiert.
Déi 2,5 éischte Joer lounge Prioritéite vun dëser Majoritéit bei engem Restaurant an engem Parkhaus, zwee Projeten, déi schonn am Virfeld vun der Biergerbedeelegung decidéiert waren an net zur Diskussioun stoungen. An duerfir haten déi gutt organiséierter Workshoppen näischt méi mat enger eescht gemengter Biergerbedeelegung ze dinn et war virun allem eng Show, wou de Schäfferot gutt verkafe wollt.
Mir stelle fest dass Personalkäschte sinn an deene leschten 2,5 Joer staark geklomme sinn an am Budget weider 2 Poste méi dra stinn.
Des Weidere vermësse mir am Budget:
- Recetten am Budget ordinäre vun der Locatioun vun 3 Appartementer an engem Commerce an der rue Principale, déi d’Gemeng am Laf vum Joer 2025 kaaft huet
- E Budgetsposte fir de provisoresche Parking beim fréiere Restaurant Delicious, wärend der Bauphase vum neie Parkhaus
- E Budgetsposten an den extraordinären Ausgaben fir gréisser Renovatiounsaarbechten um Gebai an deem de CIGR ënnerbruecht ass

Aus dësem Budget kommen definitiv keng Prioritéiten eraus, mee weiderhi just Etude op Etude, Masterplang op Masterplang. Et ass eng Illusioun ze mengen dat nach bis zur Enn vun der Legislaturperiod eng nei Maison relais, Sportshal, eng Extensioun vun der Schoul, Shared space, Konstruktioun vu soziale Wunnenge ka realiséiert ginn.
D‘Finanzkommissioun proposéiert e Finanzplang iwwer 5 Joer, fir déi finanziell Situatioun vun der Gemeng besser ze analyséiere fir Prioritéite vun den eenzelnen Projete festzehalen. Mir als CSV deelen dës Meenung. Fir den neie Buergermeeschter, am Géigesaz, geet eng Analys vum jeeweilege Joresbudget duer. Wäitsicht funktionéiert sou net. De Finanzplang ass e wichtegen Outil a soll souwuel am Gemengerot, wéi och an der Finanzkommissioun transparent diskutéiert kenne ginn.
Mat esou engem Plang kann ee finanziell Situatioun méi kloer analyséieren a Prioritéite besser plangen, wat vir eng Projete brauche mir an der Zukunft fir Sandweiler a, wat fir eng Projeten si nëmmen „nice to have“, fir Wieder vun der Kommissioun ze benotzen. Et sti vill Masterpläng vu verschiddene Projeten am Budget, déi enorm vill Sue kaschte wäerten, déi zum Deel noutwendeg sinn, mee nach leider kann ee weder Prioritéiten am Budget erkenne, nach huet de Buergermeeschter am Numm vum Schäfferot Prioritéite gesot, nee et war just de Contraire, et gëtt léiwer einfach näischt gesot.
Aus all dëse genannte Kriticken huet CSV de Budget 2026 net matgestëmmt.