Skip to content

Biergerstonn: En neien Numm fir e längst bestoende Service um Bierger

Iwwer 20 Joer hate Bierger Geleeënheet dem Schäfferot no der Gemengerotssitzung spontan Froen ze stellen. Dëst war eng flott Initiativ, déi vill Bierger genotzt hunn. Dobäi hat all Gemengeconseiller Chance iwwer Iddie, Meenungen a Suerge vun de Bierger informéiert ze ginn. Dëst ass elo net méi méiglech. Et gëtt keng ëffentlech Froestellung méi. Bierger mussen sech an der Biergerstonn e Rendezvous huele fir dem Schäfferot Froen ze stellen.

Des Biergerstonn ass näischt Neies, ausser de Numm, scho beim leschte Schäfferot konnten sech Bierger ouni Problemer e Rendezvous bei der Buergermeeschtesch oder beim Schäfferot huelen, mat méi flexibelen Auerzäiten, ugepasst no der Demande vu dem eenzele Bierger.
Nozeliesen z.b. via Wayback Machine.

Fir CSV Sandweiler muss Froestellung am Gemengerot bestoe bleiwen.
Bierger déi sech wëllen ëffentlech un de ganze Gemengerot riichten, mussen dat och an Zukunft kënne maachen.
Transparenz a Gläichberechtegung fir all Conseillere sollen erhale bleiwen. De Bierger muss t’Wiel hunn ob e seng Fro ëffentlech oder ënner “4 Aen” well stellen.

Image by Arek Socha from Pixabay

Beitrag deelen