Skip to content

PAG: Keng Majoritéit fir d’Ofstëmmung vum Avis un de Ministère.

An der Gemengerotssëtzung vum 7. Mäerz 2024, iwwer 7 Méint nodeem de Ministère des Affaires intérieures no engem Avis gefrot huet, stoung dësen Avis endlech um Ordre du jour. Leider hunn an dëser Sitzung awer ganzer 3 Conseiller’e, ënner anerem aus gesondheetleche Grënn, gefeelt. Mat engem Schäffe Mousel deen den Dësch verlooss huet, hätt sou ë wichtegen Dossier vu just 7 vun 11 Conseilleren aus 3 vu 4 Parteie kennen diskutéiert ginn.

Vu déi enorm Wichtegkeet vun dësem Dossier fir d’zukünfteg Entwécklung vun der Gemeng huet CSV en Ajournement vun dësem Punkt gefrot. Nodeems d’Majoritéit dëst refuséiert huet hunn ons Gemengeréit sech verpflicht gefillt den Dësch ze verloosse fir dass dëst Kapitel an enger nächster Sëtzung a voller Transparenz vun an a Präsenz vu Vertrieder vun alle Parteie kann diskutéiert a gegeebenenfalls gestemmt ginn.

CSV hat der Majoritéit eng propper Méiglechkeet gebuede fir a voller Transparenz an a gudder Zesummenaarbecht mat méiglechst vill Conseilleren dëse wichtegen Dossier ze behandelen. Majoritéit huet dës Méiglechkeet net ergraff sou dass ons Réit dëst duerch verloosse vum Dësch forcéiert hunn.

Beitrag deelen