Skip to content

Schäfferot kritt de béise Fanger gewisen!

Dass onsen LSAP/DP Schäfferot et mat Reglementer net sou genau hellt, an déi ganz gär mol op seng speziell Aart a Weis ausleet, huet sech mëttlerweil erëmgeschwat.

Och an der Gemengerotssëtzung vum 30.11.2023 huet de Schäfferot, mat Ënnerstëtzung vun hire Conseiller’en aus der Majoritéit dat nees gemaach. No enger gemeinsamer Reklamatioun vun der CSV/déi gréng Oppositioun huet de Ministère des Affaires intérieures dann och de Feeler bestätegt an d’Recommandatioun un d’Gemengeféierung ausgeschwat, sech an Zukunft un déi entspriechend Gesetzesartikel ze halen.

Genau wéi fir fréier Schäfferéit, ginn et och fir des LSAP/DP Majoritéit Reglementer a Gesetzer un déi se sech mussen halen. Leider huet hei LSAP/DP wuel nach vill ze léieren. Mir als CSV wäerten se dobäi natierlech ënnerstëtzen an dofir suergen dass alles säi richtege Wee leeft.

Detailer, d’Reklamatioun vun der Oppositioun an d’Äntwert vum Ministère fannt dir hei drënner.

Beitrag deelen