Skip to content

Äntwerte vum Schäfferot vum 26.10.2023

An der Gemengerotssëtzung vum 30. November, huet de Schäfferot den CSV Gemengeréit déi schrëftlech Äntwerten op hier Froen aus der Sëtzung vum 26. Oktober iwwerreecht. Fannt déi komplett Äntwerten hei drënner an der Galerie. 
D’CSV Sandweiler ass zu déifst enttäuscht iwwer d’Qualitéit vun dësen “Äntwerten”.  An de folgenden Zeile wëlle mir Iech kuerz erkläre wéisou des Äntwerte keng Äntwerte sinn.

Bei der Fro 1, Ënnerpunkten 2 an 3, si mir ganz erstaun iwwer dës schrëftlech Äntwerten. Bei de mëndlechen Äntwerten de 26.10 huet d’Mme Buergermeeschtesch nach gesot, et wär och eng Fro betreffend der Logo-Affaire dobäi gewiescht, wat wuel eng Fro an ëffentlechem Interessi wär. Vu des schrëftlech Äntwerten, war d’Ausso vun der Buergermeeschtesch an der Sëtzung wuel näischt aneres wéi eng falsch Ausso hirersäits, genau sou wéi se der och schonn an de Méint virdru vis-ä-vis vun der Presse gemaach un (Buergermeeschtesch kennt Dossier net).

Ob den Ënnerpunkt 4, d’Fro nom “wéi”, gouf einfach guer net geäntwert. De “wou” war net gefrot, och wann et interessant fir all Bierger ass, hei ze liesen dass net just de Gemengerot iwwer des Froen an ëffentlechem Interessi wäerten informéiert gi, ënner wéineger Form och ëmmer.

Och ob d’Fro 2 (Ënnerpunkt 1) gouf net wierklech geäntwert. All richteg geplangte Projet huet eng bekannten Dauer wei laang un den eenzele Phase geschafft gëtt. Den Enddatum bléift dobäi selbstverständlech, virun allem bei Chantier’en dobaussen, ofhängeg vun de Wiederkonditiounen, also der Unzuel un Deeg déi de Chantier muss pausen. Och hei war ons Fro NET “Wéini ass de Chantier fäerdeg?”

Bei Ënnerpunkt 2 free mir ons ze liesen dass hinnen d’Sécherheet vun all Benotzer um Häerz läit an hoffen dass dat net just de Chantier Hiel mee och de Projet rue d’Itzig betrëfft. Eng Planung vun dësem Chantier mat eenzele Phasen deenen hiren Enn eng Deelëffnung erlaabt, schéngt awer wuel net ze bestoen. Et gesäit éischter no engem deegleche Gewurschtels wei enger korrekter Planung aus.

Wat d’Formulatioun mam “Ausrufezeichen” um Enn ugeet bei der Äntwert ob d’Fro 3, sou sief ugemierkt, dass déi Fro den 22.10 eragereecht gouf, a mir och déi gefroten Äntwerten eréischt bei der mëndlecher Behandlung vun där Fro iwwerreecht kritt hunn. Den Tounfall ass also méi wéi onugepasst. Iwwerhaapt wéist d’Unzuel un “Ausrufezeichen” am gesamten Text ganz gutt d’Aggressivitéit mat där, virun allem d’Mme Buergermeeschtesch, dem Gemengerot, souwuel schrëftlech wéi och mëndlech äntwert. Kommt roueg an déi nächst Gemengerotssëtzung laanscht an iwwerzeegt Iech selwer.

Beitrag deelen